Course poursuiteAutomobilist war ze séier op der A4 ënnerwee a wollt virun der Police flüchten

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtteg ass der Police bei enger Vitesskontroll op der A4, Héicht Leideleng, e presséierte Chauffer opgefall.
© RTL Archiv

Eng Policepatrull ass dem séiere Chauffer direkt nogefuer, woubäi dësen awer probéiert huet, sech duerch d’Bascht ze maachen. Um Enn konnt d’Police de Chauffer awer stoppen. Souwuel den Alkohol- wéi och den Drogentest ware positiv an de Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.

Och e Sonndeg krut dann nach een Automobilist de Fürerschäin ofgeholl, deem am Garer Quartier an der Stad am Zickzack ënnerwee war.

Zu Schëndels gouf e Sonndeg den Owend en Automobilist gemellt, dee mat sengem Auto d’Riicht net méi behalen huet. Eng Policepatrull konnt de Chauffer kuerz duerno stoppen a kontrolléieren. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Handgräiflech géintiwwer Polizisten

E Sonndeg den Owend ass enger Policepatrull eng Persoun an engem Lokal op der Place de la Gare an der Stad opgefall, déi däitlech ze vill gedronk hat. Obwuel d’Polizisten de Mann opgefuerdert hunn d’Lokal ze verloossen, huet dësen dat refuséiert. Kuerz duerno huet e sech da virum Gebai weider donieft beholl an ass souguer handgräiflech géintiwwer de Beamte ginn. No enger medezinescher Kontroll huet d’Police e mat an den Arrest geholl.

Back to Top
CIM LOGO