
Den Auto war aus bis ewell nach ongekläerte Grënn um CR226 vun der Strooss ofkomm a krut e Bam ze paken, ass dobäi awer weider geschleidert ginn a krut nach eemol en 2. an en 3. Bam ze paken.
D’Fra gouf an hirem Won ageklemmt an huet misste vun de Pompjeeë befreit ginn. Si koum schwéier blesséiert an d’Spidol. Wéi d’Police den Dag drop präziséiert, sollt si hir schro Verletzungen net iwwerliewen.
D’Streck tëscht Izeg a Conter, am Beräich vum Oeko Center Hesper, war wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart.