Caritas ForumBal all 4. Kand zu Lëtzebuerg riskéiert, an Aarmut opzewuessen

RTL Lëtzebuerg
Hei handelt et sech ëm en neie Modell vum Sozialalmanach, en Aarbechtsgrupp, dee sech domat beschäftegt, wat et heescht aarm ze sinn.
Caritas Forum
Bal all 4. Kand zu Lëtzebuerg riskéiert, an Aarmut opzewuessen.

Am Kader vum Thema „Aarm mécht krank. Krank mécht aarm.“ analyséiere si d‘Zesummenhäng tëscht Aarmut a Gesondheet. Der Caritas no géing ze wéineg iwwert de physeschen a mentale Bien-être geschwat ginn, genau sou och ze wéineg iwwert den Zesummenhang tëscht Aarmut, Inegalitéit an der Gesondheet. Fir si steet fest, dass Mënschen, déi an Aarmut liewen, manner laang liewen.
D‘Caritas stellt fest, dass ëmmer manner Leit finanziell iwwer d‘Ronne kommen. Fir den Aarmutsproblem zu Lëtzebuerg unzegoen, fuerdert Caritas eng méi koordinéiert Zesummenaarbecht tëschent de responsabele Ministèren. Virdru wier et awer och mol wichteg genau ze ënnerscheede wat Aarmut genau ass. Fir si, net nëmmen e Manktem u finanziellen a materielle Ressourcen. D‘Fro vun der Aarmut wier fir si eng komplex, déi vill Aspekter vum Liewe beréiert, seet d‘Carole Reckinger vun der Caritas.

„Et kann ee gesondheetlechen Impakt hunn, Logement kann de Problem sinn, et kann Iesse sinn, et ka seng sozial Kompetenze sinn, et ka Vereinsamung sinn. Dat heescht, Aarmut musse mer ufänken vill méi multidimensional ze gesinn, et ass net just, wann een net genuch am Portmonni huet.“

Vu dass Aarmut ee multidimensionale Problem wier, deen een net eleng mat engem Ministère geléist kritt, fuerdert Caritas méi Koherenz an der Politik. An der Regierung géing et do ze vill e „Silosdenken“ ginn, mengt de Marc Crochet vun der Caritas.

„Eis Problemer: Wunnen, Aarbecht, dat sinn Themen, déi sou transversal sinn, dass se net kennen an engem Ministere an am Budget vun engem Ministere existéieren. Dofir wann ech do dreemen dierft, da géing ech soen, jo Leit déi an enger Regierung, déi net e porte-feuille ministerielle hu mat engem Thema, mee déi éischter fir ee Problem Léisunge solle fannen”

Och d‘Kanner spille bei hinnen eng wichteg Roll, déi géingen nämlech dacks net just an enger finanzieller Aarmut opwuessen, mee virun allem och an enger emotionaler Aarmut, sou nach d‘Carole Reckinger.

„Kannerdokteren hunn eis dann och bericht, dass ebe vill Kanner mat Iwwergewiicht ze kämpfen hunn, well se sech ebe schlecht ernären iwwer laang Joren, och vill Kanner, déi Schlofstéierungen hunn, déi duerch dee ganze Stress, dee mir si eigentlech aussetzen, well mir erwaarde vun hinnen, dass se sou funktionéieren, wéi mir Erwuesse funktionéieren. An dat huet natierlech een Impakt op hir Gesondheet an hir Psyche.“

Méi Suen ze mobiliséieren, wier hei awer net direkt déi richteg Léisung, ënnert anerem misst d‘Ausbildung am soziale Beräich méi gefuerdert ginn, d‘Leit géingen hei net genuch op d‘Thema Aarmut virbereet ginn, heescht et nach vun der Caritas.

PDF Schreiwes Caritas

Back to Top
CIM LOGO