Aus dem PolicebulletinBeamten hunn op Hellegowend bei enger Rei Famillje missen intervenéieren

RTL Lëtzebuerg
D'Famill kann ee sech bekanntlech net eraussichen - do schéngt och déi besënnlech Chrëschtdagszäit näischt drun ze änneren.
© Laurent Weber

Wéi d’Police an hirem Bulletin vun en Donneschdeg de Moie matdeelt, hunn d’Beamten op Hellegowend ronn eng Dose mol wéinst Streidereien oder souguer Kläppereie missen intervenéieren. Dës hätten awer all op der Plaz gekläert kënne ginn, oder ware schonn eriwwer, wou d’Beamten op d’Plaz komm sinn.

Doriwwer eraus huet d’Police awer och op Hellegowend eng zéng Mol misse wéinst Familljestreidereien agräifen. An zwee Fäll - een zu Diddeleng an een zu Waasserbëlleg - huet jee eng Persoun op Uerder vum Parquet misse virun d’Dier gesat ginn.

Op Hellegowend koume bei der Police dann och nach eng 15 Uriff wéinst Kaméidi eran. Och hei konnten d’Ugeleeënheeten awer nach op der Plaz gekläert ginn.

Alkohol um Steier

Da kruten nach zwee alkoholiséiert Chaufferen hire Permis ofgeholl. Eemol kuerz no Hallefnuecht op der Escher Autobunn a Richtung Stad, wou ee Chauffer vill ze séier ënnerwee war. Op d’Beamten huet hien e vollen Androck gemaach, an dat huet een Alkoholtest dann och confirméiert. Den Auto gouf immobiliséiert an hie krut de Fürerschäin ofgeholl.

Deen aner Chauffer hat scho méi fréi ze déif an d’Glas gekuckt. Hie war um 17.15 Auer ugehale ginn, nodeems hien alkoholiséiert op der Nordstrooss a Richtung Ettelbréck ënnerwee war. Hei huet sech erausgestallt, datt de Mann säi Fürerschäi scho virun e puer Méint wéinst Alkohol ofgeholl krut hat.

Back to Top
CIM LOGO