Mol eng Kéier net am RTL-Studio oder an de Büroe vun der Partei, mee un der frëscher Loft. An eiser Serie "Summerinterview" schwätze mer mat de Presidente respektiv Presidentinne vun de siwe Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, an engem méi entspaante Kader esouwuel iwwert perséinlech wéi och politesch Sujeten. Haut ass et um Co-President vun de Piraten, dem Ben Lomel, dee sech ënnert anerem fir eng Deckelung vum Index ausschwätzt.
Woubäi Co-President an dësem Fall net ganz richteg ass, bei de Pirate schwätzt een zwar net vu Kapitänen, awer vu Coordinateuren. Zanter Dezember 2024 sinn dat de Ben Lomel, de Starsky Flohr an de Claude Legrand, woubäi ee vum Leschtgenannten zanterhier awer quasi näischt méi héieren huet. De Ben Lomel ënnersträicht awer, datt ee gutt zesummeschaffe géing:
"Mir sinn zu dräi, an datt de Claude Legrand net lo onbedéngt ze gesinn ass, läit dorunner, datt hien éischter d'Aarbecht hannert de Kulisse mécht an net grad ëmmer am Vierdergrond steet. De Starsky an ech, mir maachen dat, also de Starsky mécht dat scho vill méi laang, hie war virdru Spriecher vun der Partei, lo ass e Co-Coordinateur mat mir zesummen a mam Claude Legrand. Mir sinn ee gutt Team a mir funktionéieren do relativ gutt."
Eng Fuerderung, déi ëmmer nees opkënnt, ass déi no der Deckelung vum Index. Dofir weist ee sech bei de Piraten och ganz oppen:
"Mir soen zum Beispill, bei 10.000 Euro kritt een dann 250 Euro Index an dono soll et dann ophalen. Et soll een net, wann een 20.000 Euro verdéngt, nach 500 Euro Index kréien, et soll bei 10.000 Euro ophalen."
Rezent hat ee Video vum Inneminister Léon Gloden fir Opreegung gesuergt, an deem hie mat enger schosssécherer West ze gesi war, wärend e mat enger Policepatrull op der Stater Gare ënnerwee war. De Léon Gloden hat dono erkläert, datt hie sech just un d'Recommandatioun vun de Beamte gehalen hätt. De Ben Lomel kann dat zwar novollzéien, weist awer och Versteesdemech fir d'Kritik:
"Wann een als Minister op eng Plaz geet an et seet een, et wier sécher oder relativ sécher an da kënnt ee mat enger Schutzwest do un, dann ass et normal, datt d'Leit sech doriwwer opreegen. Ech verstinn awer och vum Minister senger Säit, wann hien dat recommandéiert krut, datt en et gemaach huet. Et ass awer eben och verständlech, datt d'Leit sech doriwwer opreegen, well soss misst jo bal all Mënsch mat enger Sécherheetswest duerch de Garer Quartier oder d'Stad trëppelen."
Den Interview gouf am Park Ouerbett zu Keel gefouert, wou de Ben Lomel Conseiller ass. Dono gefrot, wat a senger Gemeng negativ ass, äntwert hien, datt d'Parkplazen tëscht 12 a 14 Auer mëttes net gratis sinn. Well dat an den Nopeschgemengen awer de Fall ass, géinge vill Leit mengen, datt dat zu Keel och esou wier, géinge keen Ticket huelen an dann ee Protokoll kréien. Dat géing dann dozou féieren, datt d'Leit net op Keel kéimen, wat een negativen Impakt op d'Geschäftswelt hätt, esou de Ben Lomel, deen zanter Februar selwer ee Restaurant zu Keel bedreift.