Fir eise Summerinterview huet d'Carole Thoma sech eng Plaz erausgesicht, mat där si enk verbonnen ass: d'Haard zu Diddeleng. Als gebierteg Diddelengerin wier séier kloer gewiescht, datt d'Gespréich an hirer Heemechtsstad sollt stattfannen. An an der aktueller Hëtzt wier de Bësch eng vun den agreabelste Plazen – och well zu Diddeleng wéineg Schied am Zentrum ze fannen ass.
An d'Vakanz? Déi verbréngt d’Politikerin, déi als Ingenieurin zu Bouneweg schafft, meeschtens doheem. Am September geet et fir eng Woch mat der Famill an d'Toskana. Fir d'Parteispriecherin heescht Vakanz virun allem: "sech dohinnerleeën, liesen an e bësse vum Stress vum Alldag erofkommen".
Dobäi wiesselt si beim Choix vum Buch tëscht Fiktioun a politescher Theorie. Si gouf grad fäerdeg mat "Yellowface" vum R. F. Kuang. Als nächst steet Rosa Luxemburg um Programm.
Politesch gesäit d'Carole Thoma virun allem sozial Ongläichheeten, déi konstant wuessen, als Problem. Doru Schold wieren awer och déi sozialdemokratesche Parteien an Europa déi iwwert déi lescht 10, 15 Joer d'Chance haten, eppes ze änneren. Och wann d'Entwécklung zu Lëtzebuerg net eleng d'Schold vun der LSAP wier, misst ee konstatéieren, datt d'Aarmut geklommen an déi sozial Schéier weider auserneegaange wier. Sozialdemokratesch Parteien hätten an der Vergaangenheet ze vill Kompromësser akzeptéiert, esou d’Carole Thoma.
Kompromësser beim Index komme par contre fir d'Gewerkschaftlerin net a Fro. Ëmmer nees emol gëtt vum Deckele vum Index geschwat. Well, de Base, jo Leit mat enger méi décker Pai méi vun dësem profitéiere wéi Persounen, deenen hire Salaire méi no beim Mindestloun läit. Dem Carole Thoma no awer géife bei enger Deckelung virun allem grouss Entreprisë profitéieren, déi manner Salairë mussen auszebezuelen an esou weider bei de Leit aspuere kéinte. Weider géif dann den Automatismus vum System a Fro gestallt ginn. Hir Positioun ass kloer: "Hänn ewech vum Index."
Och beim Logement huet d'Ingenieurin eng konkret Fuerderung. Wa Si muer eng eenzeg Mesure kéint ëmsetzen, wier et e Loyersdeckel. "D'Situatioun op eisem Loyersmarché ass net méi akzeptabel", seet d'Thoma. Ëmmer méi Leit wieren op eng gelounte Wunneng ugewisen, dat an enger Zäit wou d'Loyere konstant klammen. E konsequente Loyersdeckel wier fir si dofir eng éischt Mesure géint d'Wunnengskris.
De Popularitéitswuesstem vun der AfD an Däitschland stellt lénks Parteien iwwerdeems virun eng aner Fro: Wéi wäit däerf ee goen, fir eng rietsextrem Regierung ze verhënneren? Mat Bléck op d'Walen am September a Sachsen-Anhalt hält d'Thoma och eng Zesummenaarbecht tëscht Parteien, déi ideologesch wäit ausernee leien, net prinzipiell fir ausgeschloss.
"Ech mengen, dass een do heiansdo och muss Schrëtt goen, déi een normalerweis net géif goen." Eng lénks Regierungsbedeelegung dierft awer net zum "Selbstzweck" ginn. D'Leit misste konkret mierken, datt et hinnen duerno besser geet an datt et sozial Verbesserunge ginn. Soss géif och d'Vertrauen an déi lénk Parteie verschwannen.
An zu Lëtzebuerg? Eng Zesummenaarbecht mat enger konservativer Partei wéi der CSV an enger änlecher Extremsituatioun schléisst d'Carole Thoma net kategoresch aus. Si hofft zwar, datt Lëtzebuerg ni an eng Situatioun komme wäert, an där eng rietsextrem Partei bei ronn 40 Prozent läit. "Mee ech mengen, datt, wa mer sollten an dee Fall kommen, jiddereen do muss Responsabilitéit iwwerhuelen."
A wéi gesäit d'Carole Thoma hir eege politesch Zukunft? Mam Rotatiounsprinzip vun déi Lénk kéint och si eng Kéier an d'Chamber noréckelen. "Dat gesi mer. Ech ginn net an d'Politik, fir onbedéngt eng Kéier e Mandat ze hunn." Als Salariée gesäit si dobäi awer och e strukturelle Problem: Mat nëmmen 20 Stonne Congé politique wier et schwéier, e Chambermandat mat engem normale Beruff ze verbannen. D'Parlament wier dowéinst net representativ genuch fir d'Gesellschaft.
An och wann d'Politik vill Plaz anhëlt, bleift nach een aneren Dram. Schonn zanter hirer Kandheet wëll d'Carole Thoma eng Kéier e Buch schreiwen. "Vläicht ass et iergendwann eng Kéier esou wäit."