D'Carole Hartmann ass Parteicheffin, Deputéiert, Buergermeeschtesch vun Iechternach an huet eng Famill. Dat si vill Kapen a verlaangt vill Organisatioun. D'Politikerin kann och op d'Ënnerstëtzung aus der Famill zielen, seet si.
Fir de Summerinterview begéine mir d'Carole Hartmann um Iechternacher Séi. Eng Plaz, déi fir si ewéi Vakanz ass, och wann déi dréche Landschaft ronderëm de Séi ze denke gëtt.
Och wa si ganz verbonne mat hirer Heemecht-Regioun ass, gëtt déi richteg Vakanz dëst Joer dann awer am Ausland gemaach. Et geet mat der Famill a Portugal. Fir erof ze kommen, spillt si am Wanter Dëschtennis an am Summer Tennis. Dat lescht Buch, wat d'Politikerin gelies huet, war "Les disparus du Däiwelskessel" vum Pierre Decock. Och do geet et ëm de Mëllerdall.
Politesch gesinn huet am leschte Joer ënner anerem de Sozialsträit d'Lëtzebuerger Aktualitéit dominéiert. Fir d'Carole Hartmann hätt de Knuet tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschafte méi séier kënne geléist ginn. Dat géing am Endeffekt awer elo keng Roll méi spillen. Et wier wichteg, datt de Sozialdialog funktionéiert hätt.
Beim Thema gedeckelten Index bleift et fir d'DP bei engem "Neen". Leit mat méi klenge Gehälter sollte mat anere Mesuren ënner d'Äerm gegraff kréien, ewéi d'Allocation de vie chère.
Beim Logement fënnt d'Politikerin besonnesch eng Mesure wichteg an zwar déi vum staatleche Programm, fir Vefa-Projeten opzekafen. Et wier och wichteg, datt elo eng Liberaliséierung vum Santéssecteur usteet. Déi hätt awer nach méi séier kënne kommen.
Fir d'Carole Hartmann huet sech d'Fro vun enger anerer Partei nach ni gestallt, mä wann da misst et eng sozial-liberal Force sinn, sou d'Politikerin. Hir politesch Virbiller sinn de Xavier Bettel an d'Colette Flesch.
Wéi eng nächst Koalitioun kéint ausgesinn, do wëll d'Carole Hartmann sech och net festleeën, soulaang déi nächst Regierung vum Xavier Bettel geleet gëtt. Ob si eemol en eventuellt Ministermandat géing unhuelen, déi Fro géing sech elo net stellen, sou d'Carole Hartmann.
Ob léiwer Gemengen oder Nationalpolitik, dat wier awer eng ganz schwiereg Fro, sou déi liberal Parteicheffin. Politikerin gi wollt si eigentlech net, mä à la base bei d'Police goen.
Um Enn gouf si Affekotin. E Beruff, dee si heiansdo vermësst.