Aktuell si siwe Parteien an der Chamber vertrueden. An eiser Serie Summerinterview schwätze mir mat de Presidente respektiv Presidentinnen esouwuel iwwert méi perséinlech Sujeten, wéi och iwwert déi aktuell politesch Situatioun. Den Optakt mécht d'Co-Presidentin vun der LSAP Maxime Miltgen.
Mir hunn den Interview op der Terrass vum Kiosk direkt nieft dem Mini-Golf am Stater Gronn gefouert. D'Maxime Miltgen huet déi Plaz erausgesicht, well et am Gronn generell e gudde Mix tëscht Natur, Kultur a Restauratioun géing ginn. Am Park kéint een zudeem zesummekommen, ouni onbedéngt eppes mussen ze consomméieren, mee et kéint een einfach als Mënsch existéieren. Dono gefrot, ob déi nei gutt Stëmmung tëscht de Sozialpartner nom Accord vun der Tripartite fir d'LSAP am Fong schlecht ass, well d'Gewerkschaftsfront aus OGBL an LCGB lo wuel manner Drock op d'CSV-DP-Regierung maachen dierft, wénkt d'Co-Presidentin vun der LSAP of:
"Nee, als LSAP kann ee jo net onzefridde sinn, wann eng Tripartite een Erfolleg war a wann ee Resultat dovunner war, datt d'Leit eppes beim Mindestloun bäikréien. Dat gesi mir net als eppes Schlechtes, mee am Géigendeel als eppes Guddes. Wat een awer net dierf vergiessen, dat heite kann ee lo als klenge Succès verbuchen, déi éischt Tripartite oder deen éischte Sozialdialog ass awer extrem schlecht ausgaangen, well do den Dialog net wierklech stattfonnt huet, well et do net wierklech zu engem Konsens komm ass."
Een anert Thema waren d'Differenzen tëscht der Deputéiert Liz Braz an der Fraktiounspresidentin Taina Bofferding iwwert d'Positioun vun der LSAP vis-à-vis vum Asyl- a Migratiounspak. Datt an deem Fall vun enger Säit Feeler gemaach goufen, wollt d'Maxime Miltgen awer net ënnerschreiwen:
"Ech mengen do geet et guer net ëm Feeler, et geet dorëms, mir sti jo ëmmer dozou an et ass immens wichteg, datt an eiser Partei och verschidde Meenungen existéieren an den Dialog bei eis extrem héichgehale gëtt. Just, wat een aus dësem Virfall awer léiere muss, ass datt wann et Divergenze ginn, virun allem zu ganz wichtege gesellschaftleche Froen, datt ee sech da muss déi néideg Zäit a Raum ginn, fir doriwwer ze debattéieren, an datt een dono mat enger gemeinsamer Linn am Konsens no bausse geet."
Op d'Fro, wie Spëtzekandidat bei de Chamberwalen 2028 soll ginn, wa si just tëscht dem Taina Bofferding an hirem Co-Parteipresident Georges Engel wiele kéint, wollt si iwwerdeems net äntweren:
"Well mir hu ganz kloer, an dat war eng ganz kloer politesch Decisioun, elo mol eise Fokus op d'Inhalter geluecht. Well mir wëllen, datt de Spëtzekandidat oder d'Spëtzekandidatin, déi mer wäerten hunn, op déi Inhalter passt an déi verkierpere kann an net ëmgedréint, datt mer fir d'éischt eng Spëtzekandidatin oder ee Spëtzekandidat hunn, wou dann den Inhalt op deen zougeschneidert gëtt."
Et wier dowéinst och nach guer net sécher, datt de Spëtzekandidat entweder Bofferding oder Engel heesche wäert.