
Deemno war et um 4 Auer an der Nuecht op e Sonndeg zu engem schwéiere Verkéiersaccident um CR104 kuerz hannert Gëtzen a Richtung Nouspelt komm, bei deem en Auto an e Bam gerannt ass a sech dono iwwerschloen hunn. D’Bäifuererin gouf liewensgeféierlech blesséiert an d’Spidol bruecht.
Éischten Informatiounen no koum een Auto an der Mëtt vun der Strooss entgéint gefuer, sou dass de Chauffeur huet missen auswäichen. Dobäi huet de Mann d’Kontroll iwwer d’Gefier verluer. Den Auto op der Géigespuer soll e Porsche 911 mat Lëtzebuerger Placke gewiescht sinn.
De Chauffeur vum Porsche an eventuell aner Zeien si gebiede sech bei der Police vu Capellen ënnert der Nummer 244 30 1000 oder per Mail u police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu mellen.