
Nodeems aner Acteure bei der Autorité de la concurrence reklaméiert haten, huet déi den Dossier un d’EU-Kommissioun viruginn. Déi huet d’Fusioun zwar autoriséiert, awer ënnert der Konditioun, datt d’Majoritéit vun den Horeca-Aktivitéite vun Heintz verkaaft gëtt. An elo ass och gewosst, wéi et virugoe wäert.
Boissons Heintz mat Sëtz zu Housen gëtt RTL-Informatiounen no belsch. D’Brasserie Maziers soll den Zouschlag schonn am Oktober kritt hunn an den Deal wäert de 15. Januar offiziell a Kraaft trieden. Maziers gouf 1896 gegrënnt, huet säi Siège zu Bouillon an am Ganzen aacht Shops, siwen an der Belsch, dorënner een zu Baaschtnech an een zu Virton an een am franséische Sedan. 2024 hu ronn 65 Leit fir d’Entreprise geschafft. Offiziell confirméiert ass d’Reprise awer nach net. Wéi mer d’Isabelle Lentz, CEO vu Munhowen, bei der Presentatioun vun deem neien alkoholfräie Béier vu Bofferding dono gefrot hunn, wéi et mat Boissons Heintz virugoe wäert, war et dës Äntwert:
“Also mir kënnen haut nach net ganz vill zu där Situatioun soen. Mir kruten nach keng offiziell Kommunikatioun vun der Europäescher Kommissioun a sou laang mer keng offiziell Kommunikatioun krute vun der Europäescher Kommissioun, kënne mer haut nach keng offiziell Kommunikatioun dozou ginn. Mir hoffen awer, datt mer an der nächster Woch, an deenen nächste Wochen awer iergendwéi eng Kommunikatioun kënne rausginn.”
Eisen Informatiounen no wäert d’EU-Kommissioun an deenen nächsten zwee Joer och nach méi ee geneet Aen um Zesummeschloss behalen. Datt d’Kommissioun sech mat der geplangter Fusioun vu Munhowen an Heintz beschäftegt huet, koum fir déi Concernéiert zimmlech iwwerraschend. Den Ëmsaz vun deenen zwou Entreprisë louch zesumme bei manner wéi 130 Milliounen Euro, sou eng kleng Fusioun war bis dohin nach ni um europäeschen Niveau iwwerpréift ginn. De Virworf deen am Raum stoung, war deen, datt déi nei Entreprise 80 bis 85 Prozent vum Marché vum Gedrénkshandel zu Lëtzebuerg kontrolléiert an domadder eng Monopolstellung ageholl hätt. Déi ass zwar net verbueden, gëtt awer problematesch, wann dovu profitéiert gëtt, fir ze abuséieren a keng weider Konkurrenz um Marché zouzeloossen.