
An der Gemeng Hesper gëtt et eng disziplinaresch Affär géint e Gemenge-Fonctionnaire. De politeschen Ëmgang mat dëser weiderer Hesper-Affär suergt schonn zënter enger Zäit fir Dissonanzen tëschent Majoritéit an Oppositioun. Ënner anerem gouf ëm d’Urgence vun enger Sitzung an iwwer eng Plainte gestridden.
Elo zirkuléiert eng rezent Mail vum Marc Lies, déi RTL virläit. Den CSV-Buergermeeschter, deen aktuell eng Auszäit hëlt, schreift déi Mail u “Frënn” a fënnt do nawell ganz graff Wierder vis-à-vis vun der kommunaler Oppositioun:
De Conseiller Stephen de Ron vun déi Gréng gëtt als “Kallef” bezeechent, dee “labert a faselt”, datt et op keng Kouhaut méi géing goen.
An de Mathis Godefroid - fréier Piraten, elo LSAP - géif gutt an eng Partei passen déi “Profilneuros” heescht.
Déi zwéi kréichen am nächste Gemengerot de 14. Mäerz den Dicks geriicht, schreift de Buergermeeschter. Hei géing versicht ginn, Skandaler ze inzeenéieren.
Op Nofro hi sot de Marc Lies eis, datt d’Gemeng sech un all administrativ a gesetzlech Dispositioune gehalen hätt. D’Oppositioun géing ëffentlech Mobbing vis-à-vis vun enger ganzer Verwaltung bedreiwen. Am nächste Gemengerot géing alles diskutéiert ginn.
De Mathis Godefroid seet sech RTL géintiwwer an enger éischter Reaktioun schockéiert, schwätzt vun Diffamatioun a Frechheete vu Säite vum Buergermeeschter. D’Oppositioun hätt just hir Aarbecht gemaach.