
Fir 17:18 Auer mellt de CGDIS en Accident mat zwee Blesséierten um CR181 tëschent dem Briddel a Bäreldeng. E puer Autoe waren hei dra verwéckelt, eng genee Zuel gëtt allerdéngs net preziséiert. Rettungsekippen aus den Asazzentre Koplescht, Mamer an aus der Stad waren am Asaz.
Kuerz virun 18 Auer dann en Asaz fir d'Stater Secouristen op der A4: Bei engem Accident mat zwee Gefierer a Richtung Stad, tëscht dem Zéissenger Kräiz a Leideleng-Nord gouf eng Persoun verwonnt.
Eng gutt Stonn duerno ass en Automobilist um CR339 tëschent Clierf an Ischpelt verongléckt a blesséiert ginn. D'Clierfer Rettungsdéngschter waren op der Plaz.
Kuerz no 22 Auer hu sech d'Escher Secouriste missen ëm e Foussgänger këmmeren, deen an der Rue Jean-Pierre Michels vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf.
E weidere Blesséierte gouf et dann an der Nuecht op e Freideg, géint 3 Auer, wéi an der Grasser Strooss zu Kënzeg en Auto accidentéiert ass. D'Rettungsdéngschter vu Käerjeng a Mamer waren op der Plaz.