Chrëschtlech Sozial JugendCSJ fuerdert Jugend-Dësch iwwer Logement

Maxime Gillen
Et stéing ee weider hannert de Punkten, déi déi 5 Jugendparteien am September zesumme virgestallt haten.
© Domingos Oliveira

D'CSJ huet sech en Donneschdeg an engem Communiqué zu Wuert gemellt zum Thema Kollektiv Logementskris. Si gehéiert dem Mouvement net un, huet awer mat de 5 Jugendparteien eng Positioun ageholl.

De Mouvement géif mëttlerweil vun Ex-Ministeren an Deputéierte vu Parteien genotzt ginn, déi tëscht 2013 an 2023 an der Regierungsverantwortung stoungen. Dat wier ausgerechent déi Zäit gewiescht, an där sech d'Logementskris weider zougespëtzt hätt.

D'CSJ stellt an deem Kontext d'Fro, ob bei dëse Politiker tatsächlech d'Sich no konkrete Léisungen am Mëttelpunkt steet oder éischter de Wonsch, sech selwer ze profiléieren. Gläichzäiteg betounen déi Jonk Chrëschtdemokraten, datt si mat verschiddene Fuerderunge vum Kollektiv averstane sinn an d'Logementsproblematik parteiiwwergräifend geléist misst ginn.

D'CSJ setzt sech dofir an, datt e Jugenddësch, geleet vum Jugendrot, zum Theema Logement geschaaft gëtt, fir u gemeinsame Léisungen ze schaffen.

De Communiqué vun der CSJ

Back to Top
CIM LOGO