Et muss een déi Publikatioun am Kader vun der europäescher Transparenzdirektiv iwwer d‘Salairë gesinn. Doru schafft d‘Regierung am Moment. Am Prinzip muss duerno all Patron oppe leeën, wat hien, fir wéi ee Poste bezilt.
De Staat geet elo mat dësem interaktiven Tableau mam gudde Beispill vir. Et geet ëmmerhin och ëm Steiersuen. De Ministère vun der Fonction publique liwwert en Iwwerbléck iwwer d‘Paie beim Staat – logescherweis Brutto, d‘Moyenne an de Median, op de Mount an op d‘Joer, fir all d‘Carrièren, vun 2025 bis zeréck an d‘Joer 2015.
Wat verdéngt ee beim Staat?
Wann ee Beamten, Employéeën a Salariéen beim Staat all an een Dëppe geheit, an hir Carrièren net berécksiichtegt, louch eng Vollzäit-Staatspai zejoert an der Moyenne bei gutt 9.400 Euro de Mount. Also gutt 112.890 Euro am Joer. Ouni Accessoire-Bezuelungen ewéi d‘Familljenzoulag, den 13. Mount oder Primme fir Permanencen oder extra Responsabilitéiten. Déi dobäi gerechent, kënnt een op eng Moyenne vun 120.910 Euro. Dat ass ganz objektiv gesinn zolidd, wann een den Duerchschnëtt vun alle Paie kuckt, déi zu Lëtzebuerg bezuelt ginn. Dee louch Eurostat no 2025 bei gutt 85.600 Euro d‘Joer. Domat gëtt am europäesche Verglach mat Ofstand am beschten hei zu Lëtzebuerg bezuelt. Ma un der héijer Moyenne sinn net d‘Salairen am Privatsecteur Schold.
Gëtt et eng Moyenne fir de Privatsecteur?
Dat ass keen einfachen Exercice. Dat krut RTL op alle Plaze gesot, wou nogefrot gouf, fir déi Zuel gewuer ze ginn. An dat ass och ze verstoen: ofgesi vun de Kollektivverträg, ginn et am Privatsecteur keng fix Graden, an deenen ee sech als Salarié beweegt ewéi beim Staat. Paie kënne vill méi fräi verhandelt ginn. An et hänkt staark vun der Qualifikatioun an dem Secteur of.
De STATEC huet d‘Moyenne vun e puer Secteuren. Der Oplëschtung no géif um Bau am schlechtste bezuelt ginn: 55.300 Euro pro Joer. Et muss ee betounen, datt dat an der Moyenne ass, well hei ginn d‘Paie vun den Aarbechter um Schantjen an déi vun den Ingenieure matenee verrechent. An der Industrie ginn duerchschnëttlech eppes iwwer 65.900 Euro Brutto bezuelt. Den Horeca-Secteur ass net opgelëscht. Gréisstendeels läit d‘Moyenne am Privatsecteur ënnert där vum ganze Land.
Och wann et keng Iwwerraschung ass, muss ee soen: op der Finanzplaz gëtt och gutt bezuelt. Knapps 118.700 Euro verdéngt een hei an der Moyenne. Et muss een awer dovun ausgoen, dass d‘Paie vun Top-Manager a vu Partner vu grousse Firmen déi Moyenne no uewen zéien.
Mä och beim Staat, ginn et Plazen, op deenen ee richteg gutt verdéng, virop am Groupe de traitement A1, déi héchst Carrière fir Leit mat engem Master-Ofschloss. Mat Zoulage läit do d‘Moyenne bei 151.000 Euro.
Isoléiert een d‘Justiz a kuckt do op d‘Fonctionnairen, dann ass et eng Duerchschnëttspai vu gutt 172.600 Euro - bal 14.400 Euro de Mount. Nees an der Moyenne: wien ufänkt, läit do drënner, ma beim Staat geet et relativ séier a konstant erop, an e Riichter, deen 30 Joer um Bockel huet, gehéiert definitiv zu den Top-Verdénger beim Staat.
Iwwer d‘Proffepaie gëtt och vill geschwat. A1-Beamten an der Educatioun kommen op eng Moyenne vun 160.200 Euro d‘Joer. Am Mount ronn 13.350 Euro Brutto.
Bannent de leschten 10 Joer krut och jidderee beim Staat däitlech méi an der Pai. De Basis-Gehalt fir e Salarié beim Staat louch 2015 an der Moyenne bei ronn 3.550 Euro Brutto de Mount. En Employé hat der ronn 2.000 méi an e Fonctionnaire hat der ronn 7.620.
10 Joer méi spéit hunn d‘Salariéen eng Moyenne vun 4.840 Euro Brutto de Mount, d'Employéen 8.440 an d‘Fonctionnairë leie bei 10.380 Euro de Mount.
D‘Moyenne vun alle Staatspaien zesumme louch 2015 bei 80.470 Euro d‘Joer an iwwer 112.800 zejoert - also plus 40 Prozent an 10 Joer. Dat léisst sech weisen.
Mä den aktuelle Gehälteraccord leeft aus an d‘Staatsbeamtegewerkschaft freet och déi Kéier eng Hausse.
“Et ass kloer. Do wonnert dir iech iwwerhaapt net, dass mir kommen a soen, Ok um Punktwäert misst eppes gemaach ginn. Mä wat dat ass, dat kann ech nach net soen", esou de Romain Wolff, President vun der CGFP virun dräi Wochen RTL géintiwwer.
D‘Fonction publique kritesch hannerfroen, dat fält deene meeschte Politiker schwéier. E groussen Deel vun de Wieler schafft ëmmerhi beim Staat. Dee bezilt iwwer 39.000 Leit an den Apparat wiisst a wiisst. An et ginn der, déi sech froen, ob dat gutt geet, esou zum Beispill den CSV-Deputéierte Laurent Mosar:
“Ech hunn e Problem domat, dass beim Staat an Zukunft nach weider soll massiv ausgebaut ginn. Déi zweet Suerg, déi ech hunn, ass, dass déi Schéier tëscht der ëffentlecher Hand an dem Privatsecteur, wat d’Gehälter ubelaangt ze vill wäit ausernee geet. Dat ass net gutt fir den Zesummenhalt vun eisem Land.”
Den Aarbechtsminister Marc Spautz an de CGFP-President Romain Wolff hunn Interview-Ufroen zu deem Theema ofgeleent.
Aus dem Privatsecteur héiert ee jo reegelméisseg, d‘Reklamatioun, dass d‘Firme mat de Paie beim Staat effektiv guer net méi mathale kënnen. Och déi méi niddreg Carrièrë beim Staat sinn nämlech richteg gutt bezuelt. B1- also Niveau Première. Eppes iwwer 95.000 Euro Joresmoyenne ouni Zoulagen. Groupe de Traitement C, also als Salarié mat Diplom am Handwierk zum Beispill: eppes iwwer 58.000 Euro.
Soe mer en Elektriker mat DAP an der Täsch schafft zanter 7 Joer bei sengem Patron. Der Indextabell vun der ITM no sollt en elo 2026 op d'mannst eppes ëm 3.400 Euro de Mount verdéngen. Vläicht huet e mat sengem Patron och besser Konditiounen ausgeschafft, wie weess. Do ginn et wéi gesot och Ënnerscheeder. Ma dee selwechten diploméierten Elektriker géif als Salarié beim Staat iwwer 4.800 Euro brutto de Mount verdéngen, ouni Zoulagen deemno 1.400 Euro Brutto de Mount méi.
E Fakt, mat deem eis Gesellschaft sech warscheinlech nach vill beschäftege muss. Mat der neier Tabell ass elo e bësse Liicht an der Däischtert. D'Tabell mat de Staatspaie fannt Dir hei.