
Nodeems am Oktober en extreem schwéiere Fall vu sexueller Belästegung beim CGDIS gemellt gi war, ass elo déi intern Enquête ofgeschloss ginn. Am Kader vun der Ausbildung vun de Stagiaire-Beruffs-Pompjeeë war et zu deem Fall komm.
Wéi de CGDIS en Donneschdeg den Owend schreift, huet de Verwaltungsrot decidéiert, datt eng Persoun am Stage entlooss gëtt wéinst Faute grave duerch physesch Menacen.
Donieft goufen eng Rei Disziplinarstrofe geschwat.
Ausserdeem ass en Dossier iwwert e Fonctionnaire un de Regierungskommissär weidergeleet ginn, deen zoustänneg ass fir disziplinaresch Instruktiounen.
De CGDIS betount dann och nach eng Kéier, datt ee keng Form vun Harcèlement, Intimidatioun, Menace oder soss Abusen toleréiert.