Zwee Blesséierter op eise StroossenCGDIS mellt zwee Accidenter an e puer Dampentwécklungen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS matgedeelt huet, koum et zu e puer Virfäll op eise Stroossen.
Symbolbild
© RTL

Kuerz no 18 Auer krute sech op der Tréierer A1 a Richtung Stad zwee Gefierer ze paken. Eng Persoun gouf heibäi verwonnt. E weideren Accident gouf et nach kuerz no 20 Auer, déi Kéier zu Diddeleng an der Rue de Boudersberg. Do ass en Auto an engem Feld gelant an och hei ass ee Blesséierten ze bekloen.

Da gouf et nach e puer Dampentwécklungen. Dat eemol zu Bartreng, wou et an engem Camion gedämpt hat an nach emol an der Millebaach, wou Damp op engem Chantier ze gesi war. No Damp hat et dem CGDIS no och nach zu Dikrech an der Avenue de la Gare gericht.

Back to Top
CIM LOGO