
Mat 57 Jo-Stëmmen huet d’Chamber e Mëttwoch de Mëtteg de Feu-Vert fir de GovSat 2 ginn: Lëtzebuerg géif domat säi Bäitrag an der Defense leeschten, mat engem Projet, deen och der Lëtzebuerger Wirtschaft ze gutt kënnt. Dat huet d’Direction de la Defense an engem Communiqué matgedeelt.
De Satellit soll vun der Franséischer Firma Thales Alenia Space gebaut ginn, a mat enger europäescher Ariane-Rakéit an den Orbit geschoss ginn. Dat viraussiichtlech 2029.
Dës Tâche hat jo beim GovSat 1 déi amerikanesch Firma Space X iwwerholl, dës Kéier wéilt een awer op Europäesch Acteure setzen, esou d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes vun der DP.
300 Milliounen Euro si fir de GovSat 2 virgesinn, d’Gesetz autoriséiert awer ee Gesamt-Budget vu 500 Milliounen Euro.