Neijoerschpatt vum Lëtzebuerger ParlamentChamber setzt weider op Erneierung a Moderniséierung

Claudia Kollwelter
Jeannot Ries
E Méindeg hat d'Chamber op hiren Neijoerschpatt invitéiert.

Neijoerschpatt vum Lëtzebuerger Parlament

“Mir hunn 2025 villes an der Chamber erreecht, mee et stinn awer och nach vill Diskussiounen op, déi dëst Joer musse gefouert ginn.” Dat sot de Chamberpresident Claude Wiseler e Méindeg de Moien um traditionellen Neijoerschpatt vum Lëtzebuerger Parlament. D’Receptioun fir d’neit Joer war net wéi gewinnt um Krautmaart, mee am Cercle Cité. Dat hat domat ze dinn, datt et déi éischte Kéier war, datt och zum Beispill d’Europadeputéiert, Ambassadeuren a Leit vun den europäeschen Institutiounen invitéiert goufen an an der Chamber net genuch Plaz fir all d’Gäscht gewiescht wier.

“2025, e Joer, wou een net op der Plaz stoe bliwwen ass”

De Laurent Scheeck, Generalsekretär vum Parlament, huet a senger Ried betount, datt zejoert e Joer war, wou net nogekuckt gouf, een net op der Plaz stoe bliwwe wier, mee vill Neies a villes nei gemaach gouf. Hien hätt keen Zweiwel drun, datt dat och 2026 esou weider géif goen. De Laurent Scheeck wënscht sech dann awer fir dat neit Joer nach méi Previsibilitéit, zum Beispill, andeems den Ordre du Jour vun de Plenarsëtzungen nach méi laang am viraus geplangt gëtt. Hien huet donieft och betount, datt zejoert déi international Aktivitéite vun der Chamber ausgebaut goufen, wat an den onstabillen Zäiten, an deene mer liewen, extrem wichteg wier. De Generalsekretär vum Parlament huet do virun allem déi véier Deplacementer an d’Ukrain ervirgestrach.

Neierungen 2026

Wichteg Diskussioune kéimen och 2026 op d’Chamber duer, huet de President Claude Wiseler a senger Ried betount. Dozou gehéiert op en Neits eng Diskussioun iwwert d’Riedenzäiten an der Chamber, déi jo schonn iwwerschafft goufen, mee wou nach weideren Handlungsbedarf wier. D’Aféierung vun de Kontrolle vun de Fraktiounsfinanze vun der Cours des comptes géif och zu enger Ëmstellung féieren, sou de Claude Wiseler. Donieft soll iwwert de Statut vum Deputéierten an iwwert de Cumul vu Mandater diskutéiert ginn an och d’Walgesetz misst der Realitéit ugepasst ginn. Och am Gebai vun der Chamber selwer stinn 2026 nach Chantieren un. Ëmbauaarbechten a Sécherheetsmesure sinn nach geplangt an d’Informatik am Sëtzungssall gëtt erneiert.

“Eng méi modern Chamber”

Eis Chamber misst moderniséiert ginn an déi Changementer géife sech an e ganze Kontext aschreiwen, sot de President vun der Chamber. D’Demokratie géif ëmmer méi erausgefuerdert a getest ginn, d’Vertraue vun de Bierger an d’Politik an och an d’Press géif ëmmer méi wackeleg ginn. D’Leit géifen ëmmer méi ongedëlleg ginn, sech dogéint awer séier Äntwerten a Léisungen erwaarden. Mat de geplangte Changementer a Chantiere soll d’Aarbecht vun de Parlamentarier erliichtert ginn a méi effizient an transparent gestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO