Invité vun der Redaktioun (27. Mee)Charles Schroeder, President vun der Luxembourg Event Association

Annick Goerens
E Mëttwoch de Moien ass de Lëtzebuerger Eventsecteur Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Vu Concerten a Kongresser bis bei Firmenevenementer a grouss international Foiren: Den Eventsecteur zu Lëtzebuerg huet eng nei Campagne lancéiert. Wéi wichteg ass de Secteur fir d'Wirtschaft? Wou stéisst d'Branche un hir Grenzen? A wat bedeit Kënschtlech Intelligenz fir d'Zukunft vum Eventbusiness?

Doriwwer schwätze mir de Moien mam President vun der LEA, der Luxembourg Event Association. De Charles Schroeder ass kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO