Méi Beem, méi DiversitéitBis 2030 1,7 Millioune Beem zousätzlech planzen

Lisa Weisgerber
D'Lëtzebuerger Bëscher stinn ënner Drock: méi waarm Summeren a méi laang Drécheperioden hannerloossen och an eise Bëscher hir Spueren.
Méi Beem, méi Diversitéit
Hëtzt an Dréchent mécht et de Lëtzebuerger Bëscher ëmmer méi schwéier.

Hëtzt an Dréchent mécht et de Lëtzebuerger Bëscher ëmmer méi schwéier. Fir se méi widderstandsfäeg ze maachen, wëll d'Naturverwaltung op eng méi grouss Variatioun a méi adaptéiert Bam-Aarte setzen. Doniewent soll mat Hëllef vun der Campagne "Planze fir d'Zukunft" zousätzlech 1,7 Millioune Beem am Land geplanzt ginn.
 
D'Lëtzebuerger Bëscher stinn ënner Drock. Déi waarm Summeren an déi ëmmer méi laang Drécheperioden hunn an de leschte Joren hir Spueren hannerlooss. Fir d'Bëscher un déi verännert Wiederkonditiounen ze adaptéieren, geet et net duer, einfach néi Beem ze planzen, et musse schonn adaptéiert a standfest Aarte sinn. Entscheedend ass och, wou se geplanzt ginn a wéi se duerno gefleegt ginn.

D'Elsbier, vum onwichtege Bam, zur Aart fir d'Zukunft?

Eng Bamaart, déi an Zukunft nees eng méi grouss Roll an de Lëtzebuerger Bëscher spille kéint, ass d'Elsbier. Dëse Bam huet laang keng grouss Bedeitung gehat, kéint awer duerch seng Eegenschaften nees interessant ginn.

Den Thierry Diedenhofen vun der Naturverwaltung erkläert, datt d'Elsbier en Häerzwurzler ass a domat och mat dréchenen a sonnege Standuerter eens gëtt. Dofir kéint en eng gutt Ergänzung zu anere Bamaarte sinn, fir méi divers a méi resistent Mëschbëscher ze schafen.

Fir dëse Bam erëm an d'Bëscher ze kréien, brauch een awer de Som. Dofir ginn et esou genannte Somgäert. Wann esou ee Bam bis gesat ass, spillt d'Fleeg och eng wichteg Roll. D'Elsbier brauch vill Liicht a verdréit net vill Konkurrenz vun anere Beem. Dofir muss gekuckt ginn, dass de Bam genuch Plaz kritt, fir sech z'entwéckelen. Dës Aarbecht gehéiert generell zu der Gestioun vun engem Mëschbësch.

1,7 Millioune Beem fir Lëtzebuerg

Nieft der Gestioun vun de Bëscher wëll Lëtzebuerg och méi Beem ausserhalb vun de Bëschgebidder planzen. Mat der Campagne "Planzen fir d'Zukunft" engagéiert sech de Grand-Duché, bis 2030 zousätzlech 1,7 Millioune Beem ze planzen.

D'Zil ass Deel vun enger europäescher Aktioun, wou bis Enn 2030 3 Milliarde Beem geplanzt solle ginn. De Milan Loreti vum Ëmweltministère erkläert wéi een op déi Zuel vun 3 Milliarde kënnt. "Dës Zuel baséiert op der Schätzung, datt an Europa all Joer ronn 300 Millioune Beem op natierlech Aart a Weis wuessen. Iwwer zéng Joer gerechent entsprécht dat dräi Milliarde Beem. D'EU wëll dës Zuel duerch zousätzlech Plantatioune verduebelen."

Op Lëtzebuerg erofgerechent sinn dat 1,7 Millioune Beem. Déi sollen awer net alleguer an de Bëscher stoen. Och Stied an Dierfer sollen duerch nei Beem méi gréng ginn. Si kënnen hëllefen, Hëtztinselen ze reduzéieren, Waasser am Buedem ze halen an Déieren a Planzen neie Liewensraum ze bidden.

Dofir schafft den Ëmweltministère och u Mesuren, fir méi Gréngs an de Siidlungen ze erméiglechen. D'Naturschutzgesetz soll reforméiert ginn, an Initiativen ewéi eng "Bamchallenge" sollen d'Gemenge motivéieren, sech un de Plantatiounen ze bedeelegen.

De richtege Bam op der richteger Plaz

Och Privatleit kënnen hëllefen, d’Zil vun 1,7 Millioune Beem z'erreechen. Dobäi kënnt et awer net nëmmen op d'Zuel un. Wichteg ass, datt de richtege Bam op déi richteg Plaz geplanzt gëtt, well net all Bam passt an all Landschaft. Invasiv Aarten, déi d'Natur schuede kënnen oder op EU-Verbuedslëschte stinn, sollen net geplanzt ginn.

Wichteg ass och net all geplanzte Bam direkt zielt zu den 1,7 Milliounen. Wann ee geplanzt gëtt, fir een aneren z'ersetzen, dann zielt dat net.

D'Zil ass et also net nëmmen, méi Beem an de Buedem ze setzen, mee och déi richteg Konditiounen ze schafen, fir datt si wuessen an d'Klimaverännerunge besser iwwerstoen. Fir d'Lëtzebuerger Bëscher heescht dat virun allem: méi Diversitéit, eng nohalteg Gestioun an eng laangfristeg Virbereedung op déi nächst Joerzéngten.
 
Wéi no Lëtzebuerg sengem Zil ass, kann de Ministère aktuell net soen, well net all Beem notéiert goufen an och net all Beem vun de Privatleit registréiert sinn.
Wann dir zanter dem 20.5.2020 ee Bam geplanzt hutt kënnt Dir den op dësem Internetsite androen : https://mapmytree.eea.europa.eu/#/home

Back to Top
CIM LOGO