
Géint 00:50 Auer krut d'Police e Won gemellt, deen op der Escher A4 a Richtung Hollerech, op der Héicht vun der Sortie Bouillon, op der falscher Stroossesäit géing fueren. Eng Patrull konnt d'Gefier kuerz Zäit drop stoppen.
Bei der uschléissender Kontroll hunn d'Beamten däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum festgestallt. An deem Hibléck gouf en Test gemaach, dee positiv verlaf ass. D'Fra krut net just e Fuerverbuet, ma och nach e Protokoll.
Wéi d'Police preziséiert, gouf wärend der Faart an déi falsch Richtung kee blesséiert.