Sich mat Hënn an HelikopterChauffer flücht bei Drogekontroll, Policebeamten hu missen op d'Säit sprangen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet eng Policepatrull am Raum Esch probéiert, en Auto mat zwee Leit ze kontrolléieren.
Symbolfoto.

Well aus dem Auto ee staarke Cannabisgeroch koum, hu si een Drogeschnelltest gemaach - deen dann och positiv war. Am Kader vun der Kontroll hunn d'Beamten dann och e puer Gramm Drogen am Auto fonnt.

Nach wärend d'Beamten den Auto a seng Insassen kontrolléiert hunn, ass et awer bemol geféierlech ginn. De Chauffer ass ouni Virwarnung op de Gas gesprongen an huet d'Flucht ergraff. Zwee Beamten hu missen op d'Säit sprangen, fir net vum Auto gepaakt ze ginn, heescht et am Policebulletin.

Et gouf direkt eng Sich an d'Weeër geleet. Am Asaz ware Patrulle vun der Verkéierspolice, vun der Hondsstaffel, an och ee Policehelikopter. An engem éischte Moment konnt de Chauffer awer effektiv dervu kommen.

D'Polizisten hunn net wäit vun der Plaz, wou kontrolléiert gouf, zwar net de flüchtege Chauffer fonnt, ma dofir eng Täsch mat ronn 25 Gramm Haschisch an enger gréisserer Zomm u Boergeld. De Chauffer ass de Beamte méi spéit dunn awer nach an d'Netz gaangen - hie war antëscht zu Fouss ënnerwee. De Bäifuerer gouf kuerz Zäit drop fonnt.

Den Auto, an deem déi zwee ënnerwee gewiescht waren, gouf saiséiert, an de Chauffer krut ee provisorescht Fuerverbuet. Et gëtt elo weider ermëttelt an et gouf ee Protokoll erstallt.

Een änleche Virfall - just ouni Fluchtversuch - hat et iwweregens scho géint 19 Auer ginn, wou Polizisten am Kader vun enger Verkéierskontroll ee Chauffer an der Marbuergerstroos zu Maarnech gestoppt hunn. Och hei ass de Beamte ee staarke Cannabis-Geroch aus dem Auto entgéintkomm. D'Beamten hunn eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt, déi dann och saiséiert gouf. D'Saach gouf zu Protokoll geholl.

Back to Top
CIM LOGO