
E Méindeg den Owend gouf der Police op enger Tankstell am Pommerlach en Déifstall gemellt. Ee Chauffer war hei ouni ze bezuele fortgefuer. Wéi sech donieft och erausstelle sollt, hatde Bäifuerer wärend dem Tanken aus engem aneren Auto eng Posch geklaut. D’Police huet direkt d’Sich ageleet a konnt de presuméierte Chauffer stellen. Dobäi koum eraus, datt hien am viraus och schonn en Handy geklaut hat a mat geklaute Kaarten op enger Rei Tankstelle bezuelt hat. Op Uerder vum Parquet gouf de Chauffer festgeholl a krut virum Untersuchungsriichter en Haftbefeel ausgeschwat. De Bäifuerer an ee weideren Tatverdächtegte konnten net fonnt ginn.
Eng Festnam gouf et um fréien Dënschdegmoien och op der Stater Gare. Hei krut d’Police en Déifstall aus zwee Autoe gemellt. Bei der Sich vun der Police konnten déi zwee presuméiert Täter gestallt ginn. Dës hate Boergeld, Drogen, e Messer a Pefferspray bei sech. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl an nomëttes virun den Untersuchungsriichter bruecht.
En Dënschdeg den Owend war der Police dann nach e Grupp vu jonke Männer an der Rue de l’Eglise zu Péiteng opgefall, bei deenen d’Beamten ee staarke Geroch vu Betäubungsmëttel gemierkt hunn. Bei der Kontroll vun den dräi Männer goufen doropshin Haschisch, Marihuana, Boergeld an dräi Handye fonnt a saiséiert. Eng Hausduerchsuchung méi spéit ass negativ verlaf. Den Haaptverdächtege gouf hei festgeholl an e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.