Froen zu konkreeten Dossieren net zougeloossChineesesche Procureur Ying Yong op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg

Monica Camposeo
De Protokoll vun esou diplomatesche Gespréicher mat China géing keng Froen zu konkreten Dossieren zouloossen, sou de Chamberbüro.
Chineesesche Procureur Ying Yong (r.) geet zesumme mam Chamberpresident Claude Wiseler (l.) an d'Chamber.
© Monica Camposeo / RTL

De chineesesche Procureur Ying Yong war en Donneschdeg op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. En Donneschdeg de Moien hat hien eng Entrevue mam Chamberbüro. D'Press konnt beim Empfang keng Froe stellen.

D'Enquêten no der Caritas-Affär leeën no, dass déi detournéiert Suen zum Deel och op chineesesche Konte gelant sinn. Eng Fro dozou konnt och de Chamberbüro dem chineesesche Procureur net stellen. Et wier eng ganz formell Entrevue gewiescht, hu vereenzelt Deputéiert nom Treffe gesot. De Protokoll vun esou diplomatesche Gespréicher mat China géing op dëser Plaz keng Froen zu konkreten Dossieren zouloossen. Iwwerdeems heescht et aus der Chamber, dass de Procureur dat gëllent Buch ënnerschriwwen huet. 


Liest och dës Artikelen:

Back to Top
CIM LOGO