Invité vun der Redaktioun (9. September) - Christophe Knebeler1. Klass-Supplement a "Convenances personnelles": LCGB wëll Ännerungen

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war d'Gesondheetskeess Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Christophe Knebeler
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Eise Gesondheetssystem ass gutt am Verglach mam Ausland. Mir hunn awer eng Rëtsch Problemer, déi mer deels schonn eng Zäit matschleefen. A wou muss driwwer geschwat ginn a Léisunge fonnt ginn, dat sot de Christophe Knebeler vum LCGB e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. Hien ass Member vum Direktiounscomité vum LCGB an zoustänneg fir d'Sozialpolitik an als Gewerkschaftler zanter 2014 bei de Gesondheets-Quadripartitten derbäi.

Datt méi ambulant soll geschafft ginn, wier gutt, och fir d'Offer geografesch besser ze verdeelen. D'Conditioun missten awer héich Qualitéitsstandarde sinn. Doriwwer eraus hätten d'Fuerderunge vun der AMMD awer net méi vill mam Assuré ze dinn. An den Assuré, de Patient, misst ëmmer am Mëttelpunkt stoen.

Alles, wat am Sënn vum Assuré ass, a wéi nom Patient am beschten a séier gekuckt gëtt, do wär ee bereet fir Diskussiounen. Et misste Pisten ausgeschafft ginn, well an de leschte Joren a besonnesch dat lescht Joer wär vill leie bliwwen.

D'Dokteschassociatioun AMMD huet jo d'Konventioune mat der CNS gekënnegt a wëll fir de Moment keng nei ënnerschreiwen. Groussherzoglech Reglementer sollen d'Konventiounen ersetzen. D'Grondprinzippie sinn all iwwerholl ginn, an deem Sënn dierft et keng Iwwerraschunge ginn. Ouni Konventioun géif de System awer méi schlecht a méi komplizéiert ginn, mengt de Christophe Knebeler, well d'Flexibilitéit fort wär. Adaptatioune sinn net méi einfach méiglech, well iwwer d'Ministesch muss gefuer ginn.

Et wär ee sech eens, datt een de medezinesche Fortschrëtt brauch. Mä et géif hei net nëmmen drëm goe fir nei Behandlungen anzeféieren, mä och nei Tariffer.

Den LCGB ass och derfir, datt den 1. Klass-Supplement ofgeschaaft gëtt. Wann een am Spidol en Eenzelzëmmer huet, ka jo och all Dokter, deen ee behandelt, 66% méi froen. Dat géif kee Sënn erginn. Och d’“Convenances personnelles” (Supplementen, déi den Dokter ka froen an déi d'CNS net rembourséiert, mä de Patient muss iwwerhuelen) missten ugepak ginn, fuerdert de Gewerkschaftler, well de Patient géif dat facturéiert kréien a kéint näischt dogéint maachen.

E Mëttwoch de Moie war d'Gesondheetskeess Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

*Wéinst engem technesche Problem gëtt de Video-Replay vun der Emissioun e Mëttwoch eréischt méi spéit publizéiert.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO