CSV NeijoerschreceptiounClaude Wiseler: Ier een en Trampolin versprécht, soll ee mol aus der Hängematt

Jeannot Ries
E grousse Wäert gëtt op d’Erneierung geluecht, déi d'lescht Joer am Kader vum Nationalkongress zu Ettelbréck agelaut gouf.
CSV Neijoerschreceptioun
En Donneschdeg huet d’CSV op hiren traditionellen Neijoerschpatt agelueden.

D’CSV wier prett dofir a se hätt Alternativen zu der Politik vu Blo-Rout-Gréng.

Um Neijoerschpatt vun der der Chrëschtlecher Vollekspartei war de Sall am Centre Culturel vun Nidderaanwen ganz gutt gefëllt. Eng 600 Parteimemberen hunn drop gehalen, de Start an d’Super-Waljoer mat z’erliewen. Esouvill Leit wieren en Zeechen, datt d’CSV lieft, esou de Fraktiounschef Gilles Roth.

Leit, déi mat grousse Personalannonce gerechent haten, huet de Generalsekretär Christophe Hansen missen enttäuschen.

“Bei der CSV kënnt den A wéi Aarbecht, am ABC, nach ëmmer virum P wéi Personalien. Ech mengen dat hunn aner Parteien anescht interpretéiert.”

D’Strategie vun der CSV ass kloer: E grousse Wäert gëtt op d’Gemengewalen den 11. Juni geluecht. Do wëll ee beim Bierger Punkten. En Elan, deen d’Partei da mat eriwwer an d’Chamberwalen huele wëll.

D’CSV, eng Partei, déi lieft. Den 8. Oktober, wann et drëms geet eng nei Regierung ze bilden, dierft kee Wee méi laascht déi gréisst Partei vum Land féieren.

© Jeannot Ries / RTL

Wie Personell d’Partei an d’Chamberwale féiere wäert, gouf um Donneschdeg den Owend nach net verroden. Schëller u Schëller si béid Partei Co-Presidente Claude Wiseler an Elisabeth Margue opgetrueden. En Zeechen?

E grousse Wäert gëtt op d’Erneierung geluecht, déi d’lescht Joer am Kader vum Nationalkongress zu Ettelbréck agelaut gouf. D’Parteispëtzt ass sech es bewosst, datt nach ganz vill Aarbecht, bis den 11. Juni, respektiv 8. Oktober usteet. Et wier ee Prett, deen Defi unzegoen.

De Walkampfmodus, an deem aner Parteie scho wieren, wier deplacéiert. D’Prioritéite vun der CSV wieren elo mol de Logement, d’Energie an d’Educatioun, mä och d’Landwirtschaft an de Klima oder d’Steieren mat enger Steiertabell, déi, esou de Gilles Roth, an de leschte 6 Joer net inflatiounsberengegt gouf.

A wat bréngt dat mat sech? Ma, datt d’Leit, besonnesch de Mëttelstand, d’Mëllechkou vum Staat sinn an dofir plädéiert d’CSV grad elo, grad an dëser Zäit, wou d’Leit méi Kafkraaft brauchen, fir Steiererliichterungen.”

Wichteg Echeance en vue vun de Chamberwale wieren d’Gemengewalen, huet d’Generalsekretärin Stephanie Weydert betount.

“Mir brauchen den néidege Réckewand an eise Gemengen, fir bei de Chamberwalen déi stäerkste Partei ze sinn an ze bleiwen. Sou datt am Hierscht kee Wee laanscht d’CSV an enger Regierung ka goen.”

Et wier Zäit fir e Wiessel an d’CSV wier prett dofir, huet de Parteipresident Claude Wiseler gemengt, deen net laanscht dat hei Gepicks nom Premier senge Wieder um Neijoerschpatt vun der DP koum.

“En huet de Leit en Trampolin versprach. Ech soen, ier een de Leit en Trampolin versprécht, soll ee mol selwer aus der Hängematt opstoen an dat maachen, wat an dësem Land ze maachen ass. Da wier scho vill geschafft.”

De Parteipresident Claude Wiseler sot och nach, géif hie sech op Ouschtere freeën a sech froen, wéi e fault Gackelchen, deen een deem aneren do an d’Nascht leet.

Am RTL-Interview sot d’Co-Parteipresidentin Elisabeth Margue, datt d’CSV éischter op den E-Bike setzt, well um Trampolin oder op der Couche géif een net weider kommen.

CSV Neijoerschreceptioun / Reportage Dany Rasque

Back to Top
CIM LOGO