Gemengewalen: Stater-CSV-Lëscht steetClaude Wiseler seet Nee, Marceline Goergen Jo

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen: CSV-Parteipresident wénkt fir eng Kandidatur den 11. Juni of - d'Marceline Goergen huet "rëm Loscht op Gemengepolitik".
© RTL-Archiv/Maurice Fick

De Claude Wiseler geet bei de Gemengewalen, den 11. Juni, net fir déi Stater CSV mat an d’Course. Dat huet de Parteipresident RTL géigeniwwer confirméiert, domat setzt hien alle Spekulatioune ronderëm seng Persoun een Enn. Hie begrënnt seng Decisioun domat, datt e sech op seng Aarbecht un der Spëtzt vun der Partei an d’Chamberwalen, den 8. Oktober, konzentréiere wéilt. Déi leschten Zäit war driwwer spekuléiert ginn, ob de fréiere Minister no 2018 nach eemol als nationale Spëtzekandidat matgoe géing, ee Posten, fir deen aktuell de Luc Frieden Favorit ass. Do dernieft gouf et Rumeuren, datt den eemolege Stater Schäffe Claude Wiseler an der Stad op der Lëscht figuréiere kéint, wat dësen awer elo definitiv ausgeschloss huet. Och seng Fra an aktuell Conseillère um Knuedler, d’Isabel Wiseler-Lima, déi 2017 déi zweetmeeschte Stëmmen op der CSV-Lëscht kritt hat, geet net mat an d’Gemengewalen. Si wëllt sech op hir Aarbecht als Europadeputéiert fokusséieren. No den Europawalen 2019 hat si schonn als Schäffen demissionéiert. Wärend op der Stater CSV-Lëscht domat zwee prominent Nimm feele wäerten, kann d’Partei ronderëm de Spëtzekandidat Serge Wilmes iwwerdeems d’Marceline Goergen demnächst als neie Member a Kandidatin bei de Gemengewale begréissen.

D’Marceline Goergen ass aktuell onofhängeg Conseillère am Gemengerot. Si war 2017 Zweetgewielt op der ADR-Lëscht an huet d’Partei am Abrëll d’lescht Joer verlooss. Nodeems de Roy Reding am November 2022 aus dem Stater Gemengerot zeréckgetruede war, hat d’Marceline Goergen seng Plaz iwwerholl a refuséiert der Partei de Sëtz ze iwwerloossen. Déi komplett CSV-Lëscht, mat alle 27 Kandidaten, wäert den 1. Mäerz presentéiert ginn. Wéi den aktuellen éischte Schäffe Serge Wilmes op RTL-Nofro hin erkläert huet, wéilt ee gestäerkt aus de Walen ervirgoen an am Idealfall de Poste vum Buergermeeschter erueweren.

Back to Top
CIM LOGO