
Op der Neijoerschreceptioun vun der FEDIL sot de Premier, hien hätt de Ministere fir de Logement a fir d’Finanzen den Optrag ginn, hir Aarbechten z’acceleréieren. Bis den hallwe Februar ginn déi grouss Linne virgestallt, mat deenen de Secteur soll gestäipt ginn.
Et geet dobäi ëm steierlech Incitatiounen fir déi, déi an de Steen wëllen investéieren an awer och ëm Ënnerstëtzunge fir Leit mat méi engem klenge Revenue, déi wëlle lounen oder kafen.
Op déi Manéier soll verhënnert ginn, datt d’Kris am Konstruktiounssecteur sech weider zouspëtzt, esou de Premier Luc Frieden.
Dës Moossnamen, déi dann nach virun der Fuesvakanz am Detail virgestallt ginn, gëllen iwweregens retroaktiv op den 1. Januar.