Auto op der KoppSamu op der Plaz no engem Accident zu Monnerech

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am spéide Moien an am Nomëtteg goufen et op eise Stroossen am Ganze véier Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten.
© Laurent Weber

Um 11:20 Auer huet sech zu Monnerech an der Éilerenger Strooss en Auto iwwerschloen. Hei gouf de Samu op d'Plaz geruff. Donieft waren d'Pompjeeë vun Esch an aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanciere vu Suessem.

Um 15:40 Auer krut dann en Auto um CR353 tëscht Branebuerg a Weiler e Cyclist ze paken. Den ACL hat dësen Accident eng éischte Kéier kuerz viru 16 Auer gemellt. Op der Plaz waren nieft de Rettungsekippen aus der Nordstad, de Pompjeeë vun Tandel an der Police och de Rettungshelikopter, fir nom Cyclist ze kucken. Wéi d'Police awer matgedeelt huet, wier d'Persoun um Vëlo just liicht blesséiert ginn.

Géint 16.45 Auer krute sech dann op der A6 an Direktioun Arel an der Bretelle fir op d'A4 an Direktioun Esch zwee Autoen ze paken. D'Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren hei am Asaz.

Nëmmen e puer Minutte méi spéit gouf dann an der Rue d'Eich an der Stad e Vëlosfuerer vun engem Auto erfaasst. Hei waren d'Ambulanciere vum Findel a d'Stater Pompjeeën op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO