
Dat schreift d'ABBL an engem Communiqué en Dënschdeg de Mëtteg. De CEO Jerry Grbic huet annoncéiert, säi Posten opzeginn, fir sech engem neie Projet ze widmen. Dem Online-Magazin Reporter.lu no, geet hie bei eng Private Equity Firma. Säin Depart kënnt no enger laangjäreger Phas mat Wandel bei der Lëtzebuerger Bankenassociatioun, duerch deen een haut besser opgestallt wier.
"Ënnert senger Leedung vum Jerry hätten den Direktiounskommitee an d'Ekippe hir Aarbechtsmanéiere weiderentwéckelt, eng Zesummenaarbecht ausgebaut an hir Fäegkeete gestäerkt, gemeinsam op ëmmer méi komplex Erausfuerderungen ze reagéieren. De Jerry huet bei dëser Entwécklung eng wichteg Roll gespillt an dofir wëll ech him Merci soen", wéi den ABBL-President Yves Stein am Schreiwes betount.
De Jerry Grbic, deen am Abrëll 2022 den Yves Maas ofgeléist hat, bleift nach bis Enn Oktober dëst Joer op sengem Posten. Bis dohin wëll de Verwaltungsrot en Nofollger designéieren.