Op Chrëschtdag am Nationalen Asazzenter"D'Asätz dobausse kenne kee Feierdag"

Jeannot Ries
Chrëschtdag hunn haut vill Leit am Krees vun der Famill oder Frënn verbruecht.
Op Chrëschtdag am Nationalen Asazzenter
En RTL-Team huet op dësem speziellen Dag den Ekippen am Nationalen Asazzenter iwwert d’Schëller gekuckt.

Verschiddener hunn awer och misse schaffen: d’Police, d’Personal an de Spideeler beispillsweis oder nach d’Mataarbechter vun de Rettungsdéngschter. En RTL-Team huet op dësem speziellen Dag den Ekippen am Nationalen Asazzenter iwwert d’Schëller gekuckt.

Zu 8 waren se en Donneschdeg de Moien um 112 op der Schicht, fir Bierger an Nout ze hëllefen. Och wann, wéi dacks, den Uruff net ëmmer direkt a Relatioun mat enger Persoun an Nout stoung. Eben Alldag an der Zentral fir Noutriff.

De Christophe Betz huet um Feierdag bei de Beruffspompjeeën eng speziell Missioun iwwerholl. Hien huet fir seng Komeroden op der Schicht, respektiv fir de SAMU, gekacht.

“Haut steet um Menü: Chicken Kitchen. Dat heescht, do maache mer Chicken Wings mat dräierlee Zosen. An dobäi komme Potato Wedges. An haut hu mer en Duerchschnëtt vu 25 Mann. Do ass d’Ekipp, plus de Samu”, sou de Kach vum Dag.

Där traditioneller Bûche, kruten déi meescht vun der Equippe kéng méi. Am fréien Nomëtteg goung de Rhythmus op ee Mol stramm erop. Bei de Rettungsdéngschter, ass et de Gong deen den Toun ugëtt. Gefeiert gouf op Chrëschtdag esou gutt wéi méiglech, eben dann tëscht den Asätz.

Back to Top
CIM LOGO