
Méi wéi en Drëttel vun de Leit am Land mécht dat, op déi eng oder aner Manéier. Zu den Acteuren am Fräiwëllege-Beräich gehéieren och déi sougenannt Service-Clibb. De Pit Everling huet mam Gouverneur vu “Lions Lëtzebuerg” geschwat.
D‘Benevolat hält d‘Gesellschaft zesummen an ouni Fräiwëlleger géif et villes net ginn. Ma ëmmer nees Leit ze fannen, dat wier en Defi, sou de Jean-Paul Hoffmann, Gouverneur vum Distrikt fir 2025/26
“Et ass ëmmer méi schwéier, Leit ze rekrutéieren an och déi richteg Leit ze fannen a Leit, déi laang genuch derbäi bleiwen, déi motivéiert genuch sinn. Ech mengen, dat ass en Trend an der Gesellschaft, dee mir och an där Form.”
Eng Strategie vu Lions Lëtzebuerg fir Leit a virun allem Nowuess ze fannen, sinn d‘Leo-Clibb fir Jonker, déi relativ autonom funktionéieren. Eng vun den Haaptaktivitéite vun der Associatioun ass déi sougenannt Banque alimentaire.
“Si suergt derfir, sammelt also, sammelt Liewensmëttel a suergt derfir, datt déi Liewensmëttel u bedierfteg Leit verdeelt ginn. An do ass eng grouss Logistik derhannert, fir déi Liewensmëttel frësch ze halen, fir se un d’ Leit ze kréien, fir se ze verdeelen”
Derbäi kommen eng ganz aner Aktivitéiten, zum Beispill am Beräich Santé, Ëmwelt oder humanitär Engagementer an anere Länner. Genee Chiffere géingen et net ginn, mä do kéime schonn e puer honnertdausend Euro d‘Joer beieneen, sou de Jean-Paul Hoffmann. Service-Clibb hunn dacks en elitären Image. De Jean-Paul Hoffmann betount, datt dat an der Praxis awer absolut net de Fall wier
“Wann e Club e Member huet, deen elo vläicht net aus enger sozial méi privilegiéierter Schicht kënnt, dee sech vläicht extreem valoriséiert fillt an dee Club ze kommen, wou eng gewësse Struktur ass, wou e gewëssene Beneemenscode ass, wou bestëmmten deontologesch Wäerter gëllen an dee sech do am Fong opgeholl fillt an och gestützt fillt a sech souzesoen an eng aner Welt gedroe fillt, also deen am Moment och houfreg ass zu deem Ganzen ze gehéieren, awer et ass net an deem Sënn elitär, dat heescht, datt een net nëmme Leit aus enger bestëmmter Gesellschaftsschicht oder engem Environnement wëll rekrutéieren”
1953 gouf den éischte Club zu Lëtzebuerg gegrënnt.
“Mir hunn ronn 900 Memberen, e bësselche manner, déi op 23 Clibb verdeelt sinn, déi sech dann am Distrikt aus der Dag -Organisatioun regruppéieren”
De Lions Club ass apolitesch a stellt deemno keng politesch Revendicatiounen. Gouverneur honoraire vum Lions Club Lëtzebuerg ass iwwregens de Grand-Duc Guillaume.