Freideg ass den internationalen Dag vum Benevolat. Wéi vill Fräiwëlleger et hei am Land gëtt, wier schwéier ze chiffréieren, well Benevolat géing scho mam klengen Noperschaftsdéngscht ufänken, wéi zum Beispill op dem Noper säin Haus oppassen oder seng Blummen netzen, erkläert de Marc Thill. Hien ass de President vun der Agence du Bénévolat a war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun. Wann een am Luxembourg Business Register (LBR) kuckt, do waren um 30. September nach iwwer 10.000 ASBLe registréiert. Do wieren awer warscheinlech ganz vill Veräiner drënner, déi schonn net méi aktiv sinn. Mam neien ASBL-Gesetz kéint een déi elo no an no eraushuelen a mol technesch an administrativ opraumen. Da misst een op eppes tëscht 4.000 a 5.000 ASBLen am Benevolat kommen, schätzt den Invité.
Dat neit ASBL-Gesetz hätt awer och eng ganz Rei Contrainten. Notamment wieren d’Kategorien an déi ASBLe gestach ginn - also kleng, mëttel oder grouss - ze vill enk definéiert. Zum Beispill dierft een als kleng ASBL bis zu 50.000 Euro als Avoir um Kont hunn, e Besëtz (Actif) vu bis zu 100.000 Euro a se dierfte maximal dräi Persounen hunn, déi Vollzäit, also 40 Stonnen, do schaffen. Wann een zwee Joer hannerteneen zwou vun deene Konditiounen erfëllt, géing een direkt eng Kategorie méi héich falen.
“An da kommen eng ganz Rei Contrainten op Iech duer, wéi de Reviseur d’entreprise an all déi Geschichten, déi Der da musst erleedegen. An déi Formalitéite kéinten eng ganz Rei Leit ofgeschreckt hunn.”
Wann hien eppes ännere kéint, géing hien direkt d’Seuilen hiewen, erkläert de Marc Thill. Een anere Problem wier och, dass ee bei den Avoire just dat dierft berechnen, wat erakënnt. Zum Beispill wann der e Bëschfest maacht, da kritt der 10.000 Euro eran, mee Dir hutt der awer 7.000 ausgi fir Iessen an anert Material. Dat géing vum Gesetz awer net “en compte” geholl ginn. “Dat si Saachen, déi ech direkt géing änneren, wann ech dat kéint maachen.”
Lions-Club “D’Benevolat hält d’Gesellschaft zesummen”
Och an eiser Gesellschaft, déi ëmmer méi séier dréint an ëmmer méi individualiséiert ass, wieren d’Leit nach ëmmer gewëllt, sech ze engagéieren, mee éischter méi punktuell. Leit, déi reegelméisseg an e Kommitee ginn, wéi fréier, oder reegelméisseg op den Training, dat wier e bësse méi rar ginn. Mee et géing trotzdeem nach ëmmer e Gesellschaftssënn ginn. D’Leit wieren net gären eleng. Dofir misst een d’Leit och beienee bréngen an do hätt een haut aner Moyene wéi fréier. D’Agence du Bénévolat huet virun dräi Joer eng interaktiv Plattform op d’Bee gestallt. Op benevolat.lu versicht een Associatiounen a Leit, déi sech wëllen engagéieren, beieneen ze bréngen. Dat sinn esou Veräiner, déi sichen zum Beispill zwee Leit fir Streckeposte bei enger Vëlospist oder soss Klengegkeeten. Et wär e bëssen eppes wéi “een Tinder fir Veräiner”, sou de Marc Thill.
Eng Gesellschaft ouni Benevolat wier traureg. Et kéint een net fir alles Sue kréien an alles professionaliséieren. Ouni Benevolat géinge mer an enger Welt ouni Mënschlechkeet liewen. An dofir misste mer weiderhin, och Jonker, encouragéieren, fir sech z’engagéieren, sou de Marc Thill.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.