
Um Donneschdeg gouf mat de Stëmme vun der LSAP an Deeler vun der DP de Budget verworf an eng Motion de censure géint de Schäfferot agereecht. Domadder steet d’Koalitioun tëscht CSV an DP virum Aus an de Wee fir eng LSAP-DP-Koalitioun ass fräi. Et gouf deels zimmlech emotional diskutéiert, ënnert anerem wéi et ëm d’Banneliewe vun der DP goung.
Ugefaangen awer mam Banneliewe vun der CSV-DP-Koalitioun, dat zum Schluss definitiv net méi harmonesch war. Sou huet d’DP-Conseillèire Tina Weber gemengt, datt si scho virun engem Joer gefrot hätt, datt si an hire Fraktiounskolleeg Maurice Muller méi sollte vum Schäfferot agebonne ginn, ma dat wier awer net wierklech geschitt.
“Iergendwann eng Kéier sinn du Versammlungen ageruff ginn, wou ëmmer iergendee gefeelt huet, wou d’Dossieren ni komplett waren, wou mir oft aus de Versammlungen erausgaange sinn, ouni ze wëssen, ëm wat et goung.”
Och den DP-Schäffen Amel Cosic hätt si net richteg informéiert. D’Buergermeeschtesch Carole Weigel gesäit dann och an éischter Linn intern Problemer bei der DP als Grond fir d’Zerbrieche vun der Koalitioun.
“Do ware vill Problemer intern an der DP, wou ech hu mussen hëllefen, fir sech fir eise Schäffen anzesetzen, datt si mol solle Léisunge fannen. D’Kommunikatioun ass ëmmer manner ginn, wéi een an deene leschte Projete gesinn huet, hu sech d’DP-Conseilleren op d’Säit vun der Oppositioun gestallt a mat hinne gestëmmt. Dann ass op eemol keng Majoritéit méi do an da kritt een och keng Projete méi duerch.”
Den Amel Cosic huet sech dann och enttäuscht doriwwer gewisen, datt seng Parteikolleegen him an de Réck gefall wieren an huet gesot, datt et bei Reuniounen och alt mol méi rau erofgaange wier a sech am Toun vergraff gouf. Datt d’Stëmmung an der Wëlzer DP net déi beschten ass, weist och deen heiten Intermezzo tëscht dem Amel Cosic op der enger an dem Maurice Muller an dem Tina Weber op där anerer Säit.
Amel Cosic: “Wann ech un d’DP-Wolz denken, déi ech an deene leschte Jore mat aktiv opgebaut hunn, deet et mir och leed a wéi, ze gesinn, wéi déi Sektioun, denken ech, bëssi ausernee fält, well vill Membere net mat där Aart a Weis averstane waren a sinn."Maurice Muller an Tina Weber: “Dat ass net wouer, dat ass net wouer."Carole Weigel: “Jiddereen dierf hei ausschwätzen. Stopp!"Maurice Muller: Awer et geet net drëm, fir Ligen ze erzielen hei.”
Den Amel Cosic huet och dorun erënnert, datt een d’Koalitioun mat der CSV virun 2,5 Joer agaange wier, fir no den Enquêten, déi d’Justiz wéinst presuméierten illegale Baugeneemegungen ënnert anerem géint de fréieren LSAP-Buergermeeschter Fränk Arndt an d’Weeër geleet hat, eng nei Säit opzeschloen.
De Maurice Muller hat de Fränk Arndt an der Vergaangenheet deels haart attackéiert. Huet hie sech mëttlerweil bei der LSAP dofir entschëllegt oder huet déi sech vum Fränk Arndt distanzéiert? Den LSAP-Conseiller a Spriecher Michael Schenk:
“A, distanzéiere mer eis net vum Här Arndt, mir si wëchentlech mam Här Arndt a Kontakt an och wa mer intern diskutéiert hunn, war den Här Arndt natierlech och an de Gespréicher dobäi sou wéi den Här Schneider och an de Gespréicher dobäi war. Mir huele jo och keng Decisiounen einfach sou, mir maachen dat wueliwwerluecht. Natierlech sinn an der Vergaangenheet Saache virgefall, déi eis net onbedéngt geschmaacht hunn, mir hunn déi Saachen thematiséiert.”
An elo géing et drëm goen, zesummen am Interessi vu Wolz ze schaffen. Neie Buergermeeschter dierft den LSAP-Conseiller Patrick Comes ginn. Dee war 2023 nach fir d’CSV mat an d’Wale gaangen, war kuerz dono awer aus der Partei agetrueden a virun e puer Wochen der LSAP bäigetrueden. Hien huet dann och gemengt, datt hie schonn 2023 bereet gewiescht wier, fir Buergermeeschter ze ginn, ma deemools net mat der DP, mee mat der LSAP an enger Koalitioun. Elo gëtt hien da Buergermeeschter an enger LSAP-DP-Koalitioun.
An den 29. Dezember gëtt am Wëlzer Gemengerot à huis clos iwwert eng Motion de censure géint de Schäfferot ofgestëmmt. Ob dann och schonn een neie Schäfferot gewielt wäert ginn, ass nach net kloer.