
Besonnesch am Beräich vun der Sécherheet vun den Donnéeë gouf Pionéieraarbecht geleescht. Donnéeë sinn nämlech eng Grondviraussetzung ouni déi Zukunftstechnologië wéi Kënschtlech Intelligenz a Robotik net funktionéieren.
“An Zukunft soll déi ganz Welt Lëtzebuerg als staark Finanzplaz an als staark Dateplaz kennen. Virun allem AI, déi kënstlech Intelligenz huet eng grouss Wichtegkeet. AI ass déi transformativ Technologie vun de nächste Joerzéngten.”, sot de Luc Frieden bei senger Ried zur Lag vun der Natioun 2025
Och a Punkto Ausbildung goufen Neel mat Käpp gemaach. Um Belval am Digital Learning Hub, mat ronn 650 Coursë fir Erwuessener ronderëm déi nei Technologien. Dräi nei Akademië koumen 2025 dobäi, am Beräich Cyber-Sécherheet, Ki a Quante-Computer.
An den nächste 6 Joer solle fir déi digital Zukunft 3 Milliarden Euro vun ëffentlechen a privaten Acteure mobiliséiert ginn. An do spillt d’Infrastruktur eng ganz wichteg Roll. Déi nächst Generatioun vum Super-Computer Meluxina soll d’nächst Joer kommen a soll sech komplett op Kënschtlech Intelligenz konzentréieren. An och d’Preparatioune fir e Quante-Computer sinn amgaangen.
De komplette Reportage heizou gesitt Dir den Owend um 19 Auer am Journal op der Tëlee.