Ouni d’Baubranche géif e groussen Deel vun de Bankentierm, de Wunnengen an den Infrastrukture guer net existéieren.
D'Ministesch Yuriko Backes huet verséchert, datt d'Regierung d'Investissementer well héichhalen. Et solle weider 4 Prozent vum PIB an d'Infrastrukturen investéiert ginn. An dëser Legislaturperiod wieren am Héich- an Déifbau schonn 20 Finanzéierungsgesetzer gestëmmt ginn. Da géif weider an d'Mobilitéitsinfrastrukture genee wéi an d'Resilienz an an d'Verdeedegung investéiert ginn. Wat d'Prozeduren ugeet, seet d'Ministesch et géif een dru schaffen. D'Regierung wier jo och ugetrueden, fir d'Prozeduren ze vereinfachen, fir onnéideg Komplexitéit ze reduzéieren an d'digital Prozeduren och ze verbesseren.
De Bau gesäit sech och als Deel vun der Léisung fir d'Wunnengskris, well déi wier nach laang net eriwwer huet de Marc Giorgetti gewarnt, och wann d'Mesuren an déi richteg Richtung géinge goen.
D'Demande géing héich bleiwen an d'Offer ze lues wuessen. Et bréicht een disponibelt Bauland, verständlech Prozeduren, Finanzéierungen, Autorisatiounen, Infrastrukturen a Baukapazitéiten.
De President vum Groupement des entrepreneurs verséchert, datt een och sozial Verantwortung géif iwwerhuelen. De Kollektivvertrag wier e Garant vum soziale Fridden, mä et bréicht ee méi Flexibiliséierung am Aarbechtsrecht.
De Marc Giorgetti huet och betount, datt de Beruffsverband an de leschte Joren vill an de Mënsch investéiert hätt. Zum Beispill mam Institut de Formation sectoriel du batiment, wou an deene leschte 25 Joer iwwer 100.000 Stagiairen ausgebilt gi wieren.