
Déi nei Schoul kënnt op de Site vum Atert-Lycée: Déi zwee Etablissementer wäerte sech eng Rei Infrastrukture kënnen deelen, wéi Kantinnen, d'Sportshalen oder och de gemeinsame Busquai. Déi éischt Phase, nämlech d'Schoulgebai, gëtt um aktuelle Futtballsterrain um Campus vum Atert-Lycée, gebaut. An enger zweeter Phas kënnt nach eng Sportshal a Volleyball-Terrainen dobäi. D'Phas zwee soll fir d'Rentrée 29/30 fäerdeg sinn.
Dee ganze Projet kascht de Staat 55,5 Milliounen Euro a wëll den neie Lycée op Staatsterrain gebaut gëtt a scho richteg klasséiert ass, kënnen d'Aarbechte schonn am Fréijoer d'nächst Joer ufänken.
Mat der neier Europaschoul am Weste vum Land well d'Regierung enger ëmmer méi grousser Demande no kommen: Den Ament kann nämlech nëmmen 1 vu 4 Schüler, déi gären op eng Europaschoul wëlle goen, vun esou enger Offer profitéieren. Déi bestoend Europaschoule géife weisen, datt de System eng Erfollegsgeschicht wier, esou den DP-Educatiounsminister Claude Meisch. Deemno géif et Sënn maachen, d'Offer geografesch auszebauen.
D'Europaschoul zu Reiden wier déi aacht ëffentlech Europaschoul am Land. Um Site zu Réiden entstinn an den nächsten zwee Joer dann 23 Klassesäll an 11 spezialiséiert Unterrechts-Raim.