Déifferdeng36 Joer al Fra bei Schéisserei schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend gouf eng Fra vu 36 Joer duerch Schëss zu Déifferdeng uerg blesséiert.

Wéi de Parquet matdeelt, gouf et en Dënschdeg den Owend eng Schéisserei zu Déifferdeng, bei där eng Fra uerg blesséiert gouf. Si gouf op der Plaz medezinesch noutversuergt, éier si an d'Spidol koum, wou si d'urgence behandelt gouf.

Wéinst der Gravitéit vum Virfall huet d'Police eng direkt Sich an Ermëttlunge lancéiert, fir déi genee Ëmstänn ze klären a méiglech Täter z'identifizéieren.

D'Ermëttlungen ënnert der Leedung vum entspriechenden Untersuchungsriichter sinn amgaangen. Fir dës net ze behënneren, kann de Parquet aktuell keng weider Detailer nennen.

De Buergermeeschter Guy Altmeisch hat RTL schonn e Mëttwoch de Moie confirméiert, datt hie géint 21 Auer owes vun der Police kontaktéiert gi wier, datt de Boulevard Nicolas Eickmann misst fir länger Zäit gespaart ginn.

Wéi zu Déifferdeng ze gesinn ass, sinn den Ament nach ëmmer Polizisten op der Plaz.

D'Schreiwes vum Parquet

Back to Top
CIM LOGO