
Zu Märel op der Place Joseph Torn huet géint 14.27 Auer en Traffo gebrannt. Hei mellt de CGDIS keng Blesséierter. Am Becheler zu Bäreldeng huet kuerz drop e Kamäin Feier gefaangen, och hei ass keng Persoun zu Schued komm.
Um 15.40 Auer goufen zu Stengefort an der Areler Strooss allerdéngs zwou Persoune bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoe verwonnt. Op der A1, Héicht Tunnel Houwald, si géint 16.30 Auer zwee Autoen anenee gerannt, hei war de Bilan ee Blesséierten.