RTL-InformatiounenDe Claude Schummer hat probéiert, eng privat Impfstrategie ze lancéieren

Roy Grotz
RTL-Informatiounen no huet de Claude Schummer effektiv probéiert, eng privat Impfstrategie parellel zur Regierung ze lancéieren.

Nodeems de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman zënter enger Woch net méi um Büro war, gëtt kloer, wéi et zum Konflikt tëscht dem Claude Schummer an dem Spidolsgrupp koum. RTL-Informatiounen no huet de Claude Schummer effektiv probéiert, eng privat Impfstrategie parallel zur Regierung ze lancéieren, ouni datt dës dovunner Bescheed gewosst hätt.

HRS vs Claude Schummer - De Reportage vum Roy Grotz

Fir dës eegen Campagne, déi net vum Verwaltungsrot ofgeseent war, ze realiséieren, sollt - eisen Sourcen no, am Ausland Vaccin kaf ginn, fir dono zesumme mat enger Entreprise aus dem Assurancësecteur Leit privat ze impfen – en Element, dat bis elo nach net bekannt war.

Dës Demarchë wieren, weidere Sourcen no, vum Generaldirekter Schummer eleng, also ouni d’Wësse vum Verwaltungsrot, gemaach ginn.

Fir de CA schéngt dësen “Alleingang” sou inakzeptabel an net ze toleréiere gewiescht ze sinn, datt an der ausseruerdentlecher Sëtzung de leschte Mëttwoch decidéiert gouf, sech vum Claude Schummer ze trennen.

Offiziell gouf dës Decisioun jo vun HRS net confirméiert, et huet just geheescht, datt de Claude Schummer zënter elo enger Woch net méi op sengem Posten um Kierchbierg war.

Eisen Informatiounen no dierft et drop erauslafen, datt sech den Nach-Direkter vun den HRS-Spideeler an de Patron HRS hire Kontrakt mateneen opléise wäerten.

Rumeuren, datt 100.000 Dosisse Anti-Covid-Vaccin bei Pfizer bestallt gi wären, huet dës Firma dem Tageblatt géigeniwwer jo ewell virum Weekend dementéiert gehat. Et hätte wuel informell Gespréicher mam Claude Schummer ginn, ouni datt awer eng Commande gemaach gi wier.

Allerdéngs huet de Generaldirekter eise Sourcen no awer och nach op anere Plaze probéiert, un de begierten Impfstoff ze kommen.

D’Dokter- an Zänndokteschassociatioun AMMD hat e Mëttwoch, éier déi rezent Virfäll bekannt waren, an engem éischter kryptesche Communiqué dës Initiativ fir Vaccinen ze kafen an och zum Beispill kënne Frontalieren z.B. ze impfen, begréisst, awer se als Demarche vun HRS bezeechent.

Schreiwes AMMD vum Mëttwoch

Back to Top
CIM LOGO