
De Collège, d’Féierung vun der nationaler Dateschutzkommissioun CNPD, kritt am November zwee nei Memberen, dorënner en neie President. Déi aktuell Presidentin Tine Larsen an den Thierry Lallemang hunn déi zwee Mandater vu sechs Joer erfëllt.
Ewéi de Service fir Medien, Connectivitéit an Digital-Politik vum Staat an déi zoustänneg Ministesch Elisabeth Margue per Communiqué en Dëschdeg matdeele loossen, gëtt de Philippe Ney neie President vun der CNPD. Hie war virdrun Affekot bei Kleyr-Grasso. Nei am Collège ass och d’Andreea Monnat, si war virdru beim nationale Fuerschungsfong FNR.
Ewéi d’Tine Larsen d’lescht Woch bei eis erkläert huet, kritt d’CNPD nieft dem Dateschutz elo och d'Missioun fir aacht Autoritéiten, déi fir déi kënschtlech Intelligenz zoustänneg sinn, ze koordinéieren.