Et goufe rezent zwee Incidenten, een op Nationalfeierdag, wou ee Prisonéier dräi anerer attackéiert huet an een déi lescht Woch. Do hat e Mineur, dee vun Dräibuer op Schraasseg bruecht gouf, 6 Gardienen ugegraff a blesséiert. De Prisong ass extrem iwwerbeluecht, seet de Samir Djennas, de President vun der Associatioun vun de Giischtercher. Dobäi kéim, datt et enorm waarm zu Schraasseg wier. Dat géif fir vill Tensioune suergen, d’Leit géifen nervös ginn an dat géif automatesch zu méi Ausernanersetzunge féieren.
Den Haaptproblem wier awer de chronesche Personalmangel.
Dofir kann am Endeffekt keen. Mer hunn e Prisong, deen zu Suessem soll opgoen. Dee muss och eng gewëssen Zuel vu Beamten hunn, fir datt e funktionéiert, fir dat alles an d’Weeër ze leeën, fir dat ze testen an d’Dagesofleef ze koordinéieren. Déi Beamten hu mir zu Schraasseg am Effectif verluer an de Rekrutement fir de Suessemer Prisong ass nach ëmmer am Gaang. dat heescht et feelen den Ament einfach Leit a mir hunn eng héich Zuel vun Detenuen. Den Encadrement ass net anstänneg ginn an dorënner leit zum Deel d’Sécherheet
Den Ament schaffen eng 290 Beamten am Prisong. De Samir Djennas ass der Meenung, datt op d’mannst 20 Leit méi néideg wieren.
D’Associatioun vun de Giischtercher géif sech donieft och méi praktesch Erfarung fir déi jonk Stagiaire wënschen, fir datt se wëssen wat am Eeschtfall ze maachen ass.
“Mir kréien immens vill theoretesch Kueren. Do gi mir zum Beispill geléiert, wéi eng Droge sech wéi op dem Konsument seng psychesch Gesondheet auswierken. Donieft ginn et zum Beispill Kueren iwwert d‘Mënscherechter. Dat ass natierlech och wichteg, ma fir de Beruffsufänger kënnt d‘konkret Praxis ze kuerz: Wat maachen ech, wann et an enger Zell brennt? Wéini ginn ech do eran, ouni mech selwer a Gefor ze bréngen? Wéi reagéieren ech, wann ee mat engem Messer op mech duer kënnt? Op der anerer Säit muss eis Reaktioun ëmmer och un d‘Situatioun ugepasst sinn. Wa lo ee mat blousse Fäischt op eis duerkënnt, da kéinte mir net mat engem Knëppel, do draschloen. Mir hunn elo keen, mee dat als Beispill. D’Proportionalitéit an der legitimmer Defense muss gi sinn. “
De Samir Djennas seet och, datt eng Rei jonk Beamten eventuell wéinst dem Personalmangel méi fréi mussen op den Terrain goe wéi geplangt. Et géif een awer probéieren, si esou gutt ze begleeden wéi méiglech, zesumme mat der Direktioun an de Personalcheffen.