
De Roland Bastian ass dout. Hien ass d'lescht Woch schonn am Alter vun 63 Joer gestuerwen. Dat ass e Mëttwoch an den Doudesannoncen an der geschriwwener Press ze liesen.
De Roland Bastian war vun 2016 bis 2023 de Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg an do virdrun och scho Chef vum Stol-Site um Belval a vun de Wierker zu Rodange an zu Schëffleng.
Am Abrëll 2023 gouf hie vum Henri Reding ofgeléist an ass an d'Pensioun gaangen.