De Stroumpräisdeckel leeft Enn dës Joers aus, ma vun 2026 un iwwerhëlt de Staat awer vum éischte Januar un en Deel vun de Reseauskäschten. D’Zil ass et, d’Energiepräisser am Grëff ze halen, d’Kafkraaft vun de Leit an d’Kompetitivitéit vun de Firmen ze stäerken, sou den Energieminstère.
De Stroumpräis setzt sech zesummen aus dem Präis vun der Energie, de Reseauskäschten an der TVA. Hei gëtt also bei der zweeter Komponent intervenéiert. D‘ëffentlech Hand hëlt dofir dat nächst Joer 150 Milliounen an de Grapp. Suen, déi direkt an de Stroumreseau investéiert ginn. Dat Ganzt gëllt fir Stéit a Firmen.
“A si gëtt och automatesch fir all d’Clienten direkt geholl. Et brauch een also näischt unzefroen, et steet och näischt op der Rechnung,” esou de liberalen Energieminister Lex Delles
Zousätzlech zu der Subventioun beim Reseau spillt dann nach de Kompensatiounsmechanismus fir erneierbar Energien, dat sinn lo nach 80 Milliounen d’Joer, nom Auslafe vum Stroumpräisdeckel, dee via dëse Mechanismus gespillt huet.
Pro Kilowatt kascht de Stroum domat net 33,9 Cent am Duerchschnëtt, mä wann alles ofgerechent ass, knapp ee Véierel manner. “Sou dass mer dann op e gesamte Präis an der Moyenne vu ronn 25 ,8 Centime kommen, pro Kilowattstonn”. D’Gesamtenveloppe vum Staat läit bei 230 Milliounen Europ pro Joer.
En Duerchschnëttsstot géing esou ronn 300 Euro d’Joer spueren, rechent de Minister weider. Bei de Reseauskäschte wëll de Staat sech iwwregens wärend 3 Joer bedeelegen.
“De Präis vum Elektresche soll attraktiv bleiwen,” erkläert de Minister
Wat allgemeng déi erneierbar Energien ugeet, mellt de Lex Delles Zuelen, déi a sengen Aen ze begréisse wieren. “Et gesäit een, dass mer souwuel beim PV wéi bei der Wandenergie hei zu Lëtzebuerg gutt weiderkommen. Mir wäerten eis PNEC -Ziler 2030 erreechen”.
Dëst Joer konnt méi wéi annerhallef Mol de Stroumkonsum vun de Stéit och op Lëtzebuerger Territoire produzéiert ginn, sou nach de Minister Delles, woubäi d’Consommatioun bei engem Terawatt pro Stonn läit. Dëst Joer goufe bis ewell 8.300 nei Photovoltaik-Anlagen installéiert, wat Rekord wier, präziséiert de Minister nach. Theoretesch wieren domat knapp 34.000 Stéit ofgedeckt.
Weider Artikelen zum Thema