Baisse um MarchéStroum gëtt 2026 zwar méi bëlleg – awer net wierklech bëlleg

Anne Wolff
Jeannot Ries
De Stroum gëtt 2026 nees méi bëlleg – fir en typesche Stot mat 4.000 Kilowattstonne kéint d’Rechnung ëm eng 200 Euro d’Joer erofgoen.
Stroum gëtt 2026 méi bëlleg
Fir en typesche Stot mat 4.000 Kilowattstonne kéint d’Rechnung ëm eng 200 Euro d’Joer erofgoen.

D’Baisse kléngt zwar gutt, ma trotzdeem sinn d’Präisser am Verglach zum Niveau virun der Kris nach ëmmer héich: Genee geholl duebel esou héich, wéi virum Ukrainkrich. Hätt een 2021 nach eng 40-50 Euro pro Megawattstonn bezuelt, léich een haut nach bei 85 Euro. Zu Spëtzenzäiten 2024 hätten d’Präisser bei iwwer 90 Euro geleeën, erkläert de Claude Simon, Chef vum Departement Vente Energie bei Enovos.

Stroum gëtt 2026 méi bëlleg / Rep. Anne Wolff

Wéi den Ukrainkrich 2022 ausgebrach ass an domat e groussen Deel vum russesche Gas fir déi europäesch Stroumproduktioun ewechgefall ass, wier d’Situatioun um Marché relativ panesch gewiescht. Dee Moment hätt ee missten Alternative fannen. Déi wieren elo do, mee den Akafspräis wier eeben nach ëmmer héich. Dass de Consommateur hei zu Lëtzebuerg net nach däitlech méi héich Rechnunge bezuele misst, hänkt mat der Ënnerstëtzung vun der Regierung zesummen, seet de Claude Simon:

“Duerch staatlech Ënnerstëtzung ass probéiert ginn, de Präis fir den Haushaltsclient konstant ze halen. Virun der Kris louche mir bei engem Präis vu ronn 850 Euro TTC fir e Client vu 4.000 Kilowattstonnen. Duerch Ënnerstëtzungen ass de Präis an där Gréisstenuerdnung bliwwen, bis Enn 2024. 2025 ass dunn déi staatlech Ënnerstëtzung e bësse reduzéiert ginn, wat dozou geféiert huet, dass de Präis vun 850 Euro TTC op 1.100 Euro TTC geklommen ass.”

Fir den Duerchschnëttsstot gëtt 2026 e Stroumpräis vun ongeféier 990 Euro fälleg. Déi individuell Ënnerstëtzung vum Staat fält ewech, amplaz iwwerhëlt deen en Deel vun den Netzkäschten an Héicht vun 150 Milliounen Euro - eppes, wat och den Entreprisen zegutt kéim.

Zwar produzéiert Lëtzebuerg och selwer Stroum. Déi grouss Majoritéit gëtt awer aus Däitschland importéiert, an dovunner komme 60 Prozent aus erneierbaren Energien. De Rescht dann aus Gas oder Kuel. Hei wiere Previsioune schwiereg, well duerch déi erneierbar Energien eng vill méi grouss Fluktuatioun vun der Offer do wier, déi dann deels misst mat Stroum aus fossillen Energien ausgeglach ginn.

Eng kloer Tendenz an der Präisentwécklung virauszesoen, wier deemno schwéier, ma de Claude Simon weist sech virsiichteg optimistesch: bis elo geséich et no weidere Baissen aus.

Back to Top
CIM LOGO