
Den neie PDAT soll dem Inneministère an de Gemenge strategesch Orientéierunge ginn, mam Zil, d’Land esou weiderzëentwéckelen, datt d’Liewensqualitéit erhale bleift. De Comité vum Gemengesyndicat huet e Méindeg hiren Avis vun net manner wéi 43 Säite guttgeheescht, mat enger Hellewull u Kritikpunkten.
Et feelt u Realismus u Koherenz an d’Chiffere sinn net aktuell genuch - dat si nëmmen e puer vun de Punkten, déi de Syvicol ervir gehuewen huet. D’Gemenge missten och vill méi agebonne ginn well et soss net méiglech wier déi komplex Aarbecht ëmzesetzen. Dem Syvicol-President Emile Eicher no géifen sech awer och ganz vill Froe stellen:
“Wat fir juristesch Implicatiounen hunn déi Orientéierung. No 12 Joer soll de Punkt gemaach ginn, nodeems de PAG gestëmmt gouf fir ze kucken, wéi séier ee gewuess ass. Ass ee méi séier gewuess ass wéi déi Wuesstemstauxen, déi virgesi sinn, dann si der blockéiert. Da stellen sech awer ganz vill Froen: Wat geschitt dono? Wéi ginn d’Kompensatioune gemaach? Wien ass zoustänneg? Muss d’Gemeng d’Pan klaken oder kréie mer gehollef?”
Eng zentral Fro fir de Syvicol wier nach ëmmer déi, wéi vill ee wuesse wëll a kann. De Comité vum Gemengesyndicat huet den Avis allgemeng gelueft an als gutt Basis gesinn, fir datt déi 102 Gemengen hir Avise kënne schreiwen, mee et bräicht een Zäit huet ënnert anerem d’Marie-Paule Engel-Lenertz, Conseillère vu Steesel betount:
“De Moment sinn d’Gemenge mat de Budgeten am Gaang. Et ass awer e wichtegt Dokument an et kann een net anescht an d’Zukunft kucken, wéi wann een en konkrete Plang huet. Mir musse jo och kucken, datt mer Gréngzone behalen a gréng Espacen hunn wou Leit sech begéinen an net mam Auto kommen. Et si gutt Saachen dran, mee elo mussen d’Gemenge fir sech kucken, wat ëmgesat ka ginn a wat absolut onméiglech ass”
Dofir d’Fro un de Minister Claude Turmes den Delai bis Mëtt Februar ze verlängeren.
Am Kader vun der Comitéssëtzung vum Syvicol war e Quotesystem fir eng méi gerecht Verdeelung vu Flüchtlingen uechter d’Gemengen e Méindeg net Sujet, ma de President vum Gemengesyndicat Emile Eicher huet awer eng perséinlech Meenung dozou:
“Datt d’Solidaritéit besser muss spillen wéi bis elo. Eng Partie Gemengen gi sech enorm vill Méi, engagéieren sech immens. Déi Verdeelung muss besser lafen wéi bis elo. Mä ech weess och, datt dat net iwwerall ka gemaach ginn. Well d’Viraussetzungen net iwwerall ginn sinn, souwuel wat d’Infrastrukturen ugeet wéi och déi begleedend Mesuren. Dofir mengen ech awer, datt mer dat och op regionalem Niveau missten hikréien”
Virun enger Woch hat den Ombudsman fir d’Rechter vu Kanner a Jugendlechen bei eis op der Antenne esou ee Quotesystem gefuerdert. All Gemeng misst hire gerechten Undeel opbréngen, fir soziale Wunnraum ze schafen.