
Zanter ronn engem Joer gëtt et Luxdefence, de Verband vun den Entreprisen, déi am Defense-Secteur täteg sinn. E Secteur, dee soll ausgebaut ginn, fir datt vun deem ville Geld, dat wéinst de gehuewenen Nato-Ziler muss investéiert ginn, net alles an d'Ausland fléisst. Ma dem André Wilmes no, President vun der 140 Member staarker ASBL, huet de Secteur mat enger ganzer Rei Schwieregkeeten ze kämpfen.
Ugefaangen domat, datt Entreprisen, déi op Lëtzebuerg wëlle kommen, respektiv eng nei Aktivitéit am Defense-Beräich wëlle lancéieren, struewelen, fir e Bankkont opzemaachen. "Katastrophal" hat den André Wilmes dat genannt, ier de Mikro u war.
"Et ass wouer, d'Defense ass och fir d'Finanzwelt, d'Banken, d'Comptabilitéiten, d'Assurancen en neit Geschäftsfeld. An och déi hunn deelweis intern hir Policies missen ëmschreiwen. Si wëssen och: hei hu se nach net esou vill mat Defense-Clienten ze dinn ze hunn. Dat heescht vun hire 'Risk-and Compliance-Profilen' ass dat och fir si nei. Duerfir kann ech dat verstoen, dass dat seng Zäit brauch."
Ma dat steet der Konkretiséierung vu geplangte Projeten am Wee.
"Et war an et ass och ëmmer nach e staarke Problem tatsächlech och, wéi och an anere Secteuren, Bankkonten tatsächlech opzemaachen, wat an deem Sënn sou lues och urgent gëtt, well de Secteur no villen Attenten a Planifikatiounen et ëmmer – um Terrain – och ëmmer méi ëm d'Ëmsetzung geet an da brauchs de haut operativ Bankkonten an operativ Firmen."
An engem dediéierten Aarbechtsgrupp gouf dofir mat de Banken um Probleem geschafft.
"An um Terrain beweegt sech wierklech eppes. Also et ass e grousse Problem och nach haut. Et war e ganz, nach méi grousse Problem am Passé, mee mat e bëssen Optimismus a Courage wäert dee Problem awer hoffentlech geschwë geléist sinn."
Ma de Schued fir d'Reputatioun ass awer do. Am klenge Krees vun den Defense-Firme schwätzt sech esou eppes international séier ronderëm:
"De Problem ass tatsächlech, um Terrain sinn e puer wierklech grouss fatzeg Faux-pase passéiert, wou net nëmme Bankkonten net opgemaach goufen, mee wou Bankkonten och deelweis zougemaach goufen, wou awer net gewosst war, dass hannendrun Investitiounen am Duebel- bis Héich-Duebel-Milliounen-Beräich hannendru stoungen, 'ready to come to Luxembourg'. An dat sinn natierlech enorm Zommen, e bësse méi grouss wéi 100 Milliounen, déi eis e bëssen, deelweis op verschiddenen Dossieren duerch d'Netz gaange sinn. An dat sinn natierlech enorm Zomme fir en Terrain wéi eisen."
Passen do d'offiziell Messagen an d'Realitéit um Terrain nach beieneen? Den André Wilmes seet, et wier e bësse schued:
"Datt all aneren Acteuren um Terrain, also dee ganze Rescht vum Ekosystem, souwuel d'Firmen hei, déi nei Partenariater wëllen agi mat entweeder den existente Clienten oder neie Clienten, respektiv och d'LTIOen (Luxembourg Trade and Investment Board, Ndlr.) , den Ausseministère, all d'Agences de promotion, déi gi sech jo fuerchtbar Méi 'to put their best foot forward'. An dann, wann et dann an der Ëmsetzung natierlech dann esou knausert, da passt dat eent net op dat anert an dat ass net gutt."
Dobäi kënnt, datt d'Penurie u Personal a Plaz d'Defense-Betriber genee esou plot, ewéi all déi aner.
"D'Leit stellen deelweis am 'Retrofitting' kleng Atelieren an eegene Bürosgebai um drëtte Stack, mir si wierklech do ukomm. Dat ass wierklech virbäi lénks a rieds widder. An den Hub de la Défense ass natierlech an deem Sënn wierklech interessant, fir do e bëssen Ofhëllef ze schafen, mee dat wäert och de puere Plazeproblem u sech net eleng léisen."
D'Organisatioun waart op Detailer, wéini wat am geplangten Defense Hub um Site vu Liberty Steel zu Diddeleng ka starten.
Aner Facteuren, betount den André Wilmes, géifen awer fir Lëtzebuerg als Standuert schwätzen. Zum Beispill d'Sproochevillfalt an d'Logistik an déi gutt Organisatioun vun den Exportlizenzen.