Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW)"D'ëffentlech Europaschoule si keng Wonnerléisung"

Claudia Kollwelter
De Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW) reagéiert op eng Etüd, déi den Educatiounsministère lescht Woch presentéiert huet.
© Domingos Oliveira / RTL

Dora géif de Modell vun den ëffentlechen Europaschoulen op e Podest gestallt ginn, ma dat ganzt misst méi nuancéiert gesi ginn.

SEW-Kritik un Europaschoulen / Reportage Claudia Kollwelter

Dem SEW no géif et net drëms goen, de System vun den ëffentlechen Europaschoulen u sech ze kritiséieren, mä datt dës fir manner Inegalitéite suergen - sou wéi et vum Ministère duergestallt gëtt, kéint een et net sou stoe loossen, seet d’Joelle Damé. Bildungsongerechtegkeeten oder -chancë wieren ëmmer un de sozio-ekonomesche Status gebonnen, an d’Etüd weist, datt deen an den ëffentlechen Europaschoule méi héich ass: Et wonnert also keen, datt do besser Resultater sinn. Et ass, wéi wann een en hondsgewéinleche Bongert mat enger Zort vun Eedel-Biere vergläicht an da wonnert de Landwirtschaftsminister sech, datt déi Biere sou gutt gi sinn.”

Donieft wier et problematesch, wéi de Verglach gemaach gi wier, betount d’Vera Dockendorf:

De Lëtzebuerger System, mat deem d’Europaschoule verglach ginn, geet vum Preparatoire iwwert de General bis bei de Classique. Et ass kloer, datt d’Resultater vun den Europaschoule besser sinn, wéi déi vun engem Preparatoire.”

Bei där ganzer Verherrlechung géif d’Reegelschoul zum Deel einfach vergiess ginn, bedauert d’Joelle Damé:

All d’Energie an d’Ressourcë ginn an d’Europaschoule gestach an neier opgemaach an de Leit virgegaukelt, et hätt een endlech eppes fonnt fir d’Gläichbildungschancë fir jiddereen, well eis de politesche Courage feelt, an den ëffentleche Reegelschoulen de Leit op d’Féiss ze trëppelen an do vläicht de Modell ze iwwerdenken.”

An et wier genee dat, wat den SEW géif rose maachen.

Back to Top
CIM LOGO