Fir d'Schoulen an de PublicDéi 4. Editioun vun den "Astronomy Days" zu Déifferdeng steet virun der Dier

David Winter
De Weekend vum 10. Oktober huet de Public nees d'Geleeënheet, an eng Hellewull vu Konferenzen, Aktivitéiten a Stänn ëm an Iwwert de Weltraum an d'Astronomie anzedauchen.
© Luxembourg Science Center

Den 10. an 11. Oktober 2026 sinn zu Déifferdeng d'Astronomy Days 2026 zu Déifferdeng. Fir déi 4. Kéier dréit sech dann nees alles ëm de Weltall, Astronauten an Technik an ass vir jiddereen geduecht, dee sech fir d'Thema Weltraum an alles do ronderëm interesséiert.

Ënnert den Highlights dëst Joer ass ënnert anerem e Stand, op deem ee Reproduktioune vun Astronaute ka gesinn, déi op Apollo-Missiounen dobäi waren. Niewent de Combinaisounen, kann een och eng 1:1 Reproduktioun vum Moundrover Apollo.

De komplette Programm a weider Informatioune fannt dir hei als PDF!

Ma do virdrun, also d'Period vum 7.-9. Oktober, ass dann exklusiv fir d'Schoulen, respektiv fir Schülerinnen a Schüler reservéiert. Hei invitéiert de Luxembourg Science Center iwwer 200 Schüler op déi verschidden Atelieren a Spektakelen.

Back to Top
CIM LOGO