
Den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch wiert sech géint d'Kritik, datt d'Gemeng am Kader vun der Bedruchsaffär méi hätt kënne maachen, fir sech ze schützen, respektiv datt een d'Affär net seriö genuch huele géing.
D'Gemeng Déifferdeng hat jo méi wéi 400.000 Euro op ee falsche Bankkonto iwwerwisen, dat nodeems Onéierlecher de System vum Architektebüro gehackt haten, mat deem ee beim Bau vun engem neie Gemengenhaus zesummeschafft.
Am Tageblatt, dat fir d'éischt iwwert de Fall bericht hat, gouf rezent ënnert anerem kritiséiert, datt mat Bléck op d'Zäitschinn deels widderspréchlech Aussoe gemaach gi wieren. Doriwwer eraus géing et och esou wierken, wéi wann déi politesch Responsabel net all genee wéissten, wéi d'Gemeng iwwerhaapt op de Problem opmierksam gemaach gouf. Déi Kritik geet dem Guy Altmeisch no awer um eigentleche Problem laanscht:
"Wat schreiwe mer iwwert déi kriminell Banden, wat schreiwe mer iwwert déi, déi Auteur si vu sou kriminellen Akten? Kee Saz, kee Saz. Et gëtt lo gekuckt, wie weess Datumer richteg, wat Detailer sinn, déi eis an där Entwécklung do net weiderhëllefen, déi eis awer absolut net weiderhëllefen. Mir musse kucken, datt mir déi ganz Intelligence artificielle vill méi skeptesch uginn, datt mir dat vill méi hannerfroen an net alles do unhuelen, wat mer vun deene kréien. An dat ass déi grouss Erausfuerderung, déi besteet an net, wien den Datum besser verhält oder ob ech 14 Deeg dono oder 3 Wochen dono Plainte maachen, dat ass alles zweetrangeg, mir mussen eis ëm d'Wuerzel vum Problem këmmeren."
Och datt den Inneminister Léon Gloden gesot huet, et géing schéngen, wéi wann zu Déifferdeng Feeler gemaach goufen, an dass Zukunft de Véier-Ae-Prinzip bei de Receveuren agefouert soll ginn, kann de Guy Altmeisch net novollzéien. De System wier elo scho sou, datt vill méi wéi just zwee Leit iwwert eng Rechnung kucken, ier se bezuelt gëtt. Et kéint een awer natierlech nach ëmmer eng zousätzlech Sécherheetsstuf abauen.